Christian Kmiotek

Subscribe to Christian Kmiotek feed Christian Kmiotek
Updated: 51 min 9 sec ago

Europa muss sich nun sozial engagieren

10 Avril 2017

Was vor einem Jahr noch niemand für möglich gehalten hätte, wird ab dieser Woche (*) Realität: der BREXIT. Und das ausgerechnet zum 60. Jahrestag der Unterzeichnung der Römischen Verträge.  Der BREXIT zeigt exemplarisch, wie unverantwortliche Politiker auf populistischer Grundlage simplistische Antworten auf komplexe Probleme geben. Um kurzfristige innenpolitische Turbulenzen zu umschiffen oder zu nutzen werden langfristige Werte, gemeinsame Ziele und  internationale  Kooperationen über Bord geworfen.

Source: Creative Commons

Die Ellenbogenmentalität, das Kurzfristdenken und der Egozentrismus welche uns die neoliberale Wirtschaftsordnung bescherten, werden nun vermehrt auf die politische Ebene übertragen. Die Europäische Union und ihre Mitgliedsstaaten sind daran mitschuldig, weil bei der EU die Ökonomie an erster Stelle steht, auf Kosten der sozialen Dimension. Viele Bürger haben das Gefühl, Europa sei bloss ein wirtschaftslobbyistisch gesteuerter technokratischer Kropf, ohne Herz und Verstand für ihre Nöte und Bedürfnisse. Kein Wunder, dass daraus Europamüdigkeit erwächst, die dann von Nationalisten instrumentalisiert und verstärkt werden kann.

Am 15. Oktober 2016 demonstrieren europäische grüne Politiker u.a. aus England, Schottland, Wales, Nordirland und der Republik Irland an der „grünen Grenze“ zwischen Nordirland & Republik Irland gegen einen harten Brexit und für die Freizügigkeit der Menschen. Es schwingt auch die Angst vor einem Wiederaufflammen des nordirischen Konflikts mit.

Vor 60 Jahren war das Narrativ des gemeinsamen Europas eines von Frieden und Wohlstand. Alle hatten Krieg erlebt und die Ost-West-Konfrontation unterstützte den Wunsch nach Aussöhnung und friedlichem Miteinander. Über 75 Jahre Frieden sind eine Einlösung dieses europäischen Versprechens. Beim Wohlstand für alle hat die Union aber versagt, wie viele Menschen im Süden und Osten täglich leidvoll erfahren. Aber auch viele Bürger der nördlicheren und zentraleren Regionen sehen sich abgehängt. Sie leben in Arbeitslosigkeit und in oder hart an der Armut. Sie erleben, dass sie wirtschaftliche und soziale Abgehängte der Globalisierung sind. Binnenmarkt und deregulierter Welthandel haben die Gesellschaften gepalten in Gewinner und Verlierer.

Europa braucht ein neues Ziel, jenseits von internationalem Handel. Europa muss sich nun stark sozial engagieren um nicht zu scheitern. Denn in allen Staaten versuchen Nationalisten, die Verlierer auf ihre Seite zu ziehen. Doch es gibt auch starke Gegenbewegungen. Die aus der Zivilgesellschaft entstehenden supranationalen „Pulse of Europe“-Aktionen zeigen, dass es viele Menschen gibt, die sich für die gemeinsamen Werte und die europäischen Errungenschaften einsetzen, wie etwa den Euro oder die Reisefreiheit. Der Erfolg der Kolleginnen und Kollegen von „GroenLinks“ bei den niederländischen Parlamentswahlen, mit ihrem Anstieg von 4 auf 14 Sitze zeigt, dass es möglich ist mit harter Kante den Nationalisten Paroli zu bieten. Die holländischen Grünen sind konsequent für Europa eingetreten, ohne Schönfärberei, und sie haben sich für Solidarität stark gemacht.

Es lohnt sich, sich für das gemeinsame europäische Projekt zu engagieren, das einmal eine „success story“ war. Die Europäische Union ist – auch weil sie demokratische Werte verteidigt – ein geopolitisches Gewicht. Sie ist wirtschaftlich eine Weltmacht. Sie braucht nun dringend einen dritten Pfeiler, ohne den das ganze Konstrukt zusammenbrechen wird: die soziale Dimension. Nur massive Investitionen zugunsten abgehängter Menschen und Regionen verhindern sowohl menschliches Leid als auch die Nationalismen die Europa niederreissen.  Wahrscheinlich ist hierbei ein Europa der verschiedenen Geschwindigkeiten der gangbarste Weg. Nichts verhindert, dass zu jedem späteren Zeitpunkt jene Länder wieder dazu stossen, die nicht von Anfang an willens waren, sich sozial zu engagieren.

* (Erstpublikation Text in „Lëtzebuerger Land“ 31.03.2016)


Catégories: gréng Blogs

Am Asaz fir Europa

04 Avril 2017

Dräi europäësch Evenementer hunn eis als gréng Parteipräsidenten an enger eenzeger Woch markéiert : 60 Joër Verträg vu Roum, de BREXIT an de Kongress vun den Europäësche Gréngen mat de Global Greens zu Liverpool. E Gespréich tëscht Françoise Folmer a Christian Kmiotek.

Christian KMIOTEK: Françoise, déi gréng waren dëse Weekend um Kongress vun den Europäësche Gréngen zu Liverpool, wat waren hir Andréck?

Françoise FOLMER: Et war scho speziell, grad zu deem Ament wou d’Kinnekräich säin Austrëtt aus der EU lancéiert huet, an England mat Honnerten iwwerzeegten Europäer zesummen ze sinn. An de BREXIT kënnt och nach zur selwechter Zäit, wou mer eigentlech mat Freed de 60. Anniversaire vun der Unioun feiere sollten, déi eisem Kontinent Fortschrëtt a Fridde bruecht huet. Oder, Christian?

Christian KMIOTEK: Richteg! Woubäi déi gréng Bewegung an Europa – och a Schottland, Nordirland, England a Wales – konsequent pro-europäësch ass. Mir gréng si nämlech iwwerzeegt, datt de sture Nationalismus keen ee Problem aus der Welt schaaft, mee am Géigendeel duurch séng scheinbar einfach „Léisungen“, d’Mënschen an d’Länner auserneen dividéiert.

Françoise FOLMER: Mir sinn eis bewosst, datt d’EU aktuell net punkte kann, well d’Leit fannen, datt Europa nëmmen nach no ökonomësche Kritäre regéiert gëtt. An dorënner leide ganz vill Mënschen; a Südeuropa, an Osteuropa, mee och an eise Nopëschlänner, wou  Aarbechtsplazen a Sozialleeschtungen ofgebaut ginn.

Christian KMIOTEK: Genee. Et mécht awer elo kee Sënn dowéinst och déi gutt Saache vun der europäëscher Eenegung ofzeschafen, wéi zum Beispill déi gemeinsam Währung oder d’Reesfräiheet. Mir gréng sinn der Meenung, datt niewt dëse positiven Errungenschaften, an niewt der wirtschaftlëcher Dimensioun vun der EU, onbedéngt e soziale Pilier bäikomme muss.

Françoise FOLMER: Absolut! En Europa, dat net nëmmen de Betriiber eppes bréngt mee och d’Mënschen ënnerstëtzt, ass déi beschte Garantie géint nationalistësch Egoismen. Konkret heescht dat, datt massiv muss investéiert ginn a benodeelegt Regiounen a Mënschen. Wann dobäi net jidfer Mëmbersland vun Ufank u matmaache wëll, da kënne mir gréng eis ganz gutt en Europa mat e puer Vitessë virstellen – sou wéi dat jo och scho beim Euro a beim Schenge-Raum de Fall ass.

Christian KMIOTEK: A grad dorëms beneiden eis jo vill Leit aus anere Géigende vun der Welt. Dëse Weekend zu Liverpool waren net nëmmen déi Europäësch Gréng beieneen, mir hunn eis och mat Gréngen aus der ganzer Welt ausgetosch. An d‘Leit vun den anere Kontinenter hu vill méi e positiven Androck vun der EU, wéi mir Europäer. Déi Gréng vun iwwerall ronderëm de Globus luewen zum Beispill Europa wéinst sénger progressiver Klimapolitik a wéinst séngen demokratësche Werter.

Françoise FOLMER: Dëse Luew mécht Mutt, fir sech nach weider fir Europa z’engagéieren.


Catégories: gréng Blogs

Lëtzebuerg weider denken

22 Mars 2017

vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Op hirem Kongress Ufanks März huet déi gréng Partei mat hire Mëmberen a Gewielten zesummen eng konsequent an équilibréiert Politik fir Lëtzebuerg definéiert.

Ronderem Lëtzebuerg sinn zur Zeit um internationale Plang d’Erausfuerderunge grouss:

  • Fir de politësche Rietsruck a verschiddenen europäesche Länner an an den USA ze konteren, setzen déi gréng sech a fir Fräiheet, Rechtsstaatlechkeet an de Schutz vu Minoritéiten.
  • Brutal Konflikter an Aarmut am Noën Osten an an Afrika verdreiwen Honnertdausende vu Mënschen aus hirer Heemecht. déi gréng setze sech an fir dass déi Leit, déi virum Krich op Lëtzebuerg flüchten, hei fir sech an hir Familjen eng Zukunft kënne fannen.

Lëtzebuerg ass wéi seng europäesch Partner direkt betraff vun all deenen Entwécklungen, déi deelweis fir staark politesch Turbulenzen op der Weltbühn suergen. An dësen Zäiten brengt et awer näischt, fir mam Fanger op Anerer ze weisen, fir sech anzemaueren a fir ganz Mënschegruppen auszegrenzen. Lëtzebuerg as beispillhaft fir e friddlecht Zesummeliewe vu Mënsche mat alle méigleche kulturellen Hannergrënn. Lëtzebuerg weist all Dag, dass et ouni Mauere geet, an dass Diversitéit eng Beräicherung a keng Bedrohung ass. Fir dass dat och weider esou bleiwt, machen déi gréng eng Politik, déi Solidaritéit grouss schreiwt, an déi Lëtzebuerg an Europa stärkt a méi no zesumme réckele léisst.

Déi gréng Partei wäert weiderhin d’Visioun héichhalen vun enger oppener a gerechter Gesellschaft, déi e besonnëche Wärt op Ecologie an Emwelt leet. Eis Politik suergt fir eng besser Liewensqualitéit fir Jidfereen an ass dropp aus, fir alle Kanner eng besser Welt ze hannerloossen.

Duurch eis Aarbecht vun den leschte Joëren erreechen a mobiliséiere gréng Iddiën ëmmer méi Mënschen. Leider happert et awer nach oft un der Ëmsetzung. Dat as novollzéibar, well gréng Iddië ville Mënschen zwar logësch virkommen, mee se sinn net mat simplistesche Parolen ëmzesetzen. déi gréng stellen awer fest, dass och haut schonn en Ëmdenken a breeden Deeler vun der Bevölkerung amgaang ass, well ëmmer méi Leit hier Liewensqualitéit net méi eleng duurch materielle Konsum definéieren. Hei si vill Initiativen a „grénge“ Gemenge richtungsweisend, grad esou wéi d’Vierliewe vun neie Gesellschaftsmodeller am Kader vun der Transitiounsbewegung, an där vill vunn de grénge Mëmberen a Sympathisante sech engagéieren.

Als Gréng wësse mir awer och, dass Strategië fir Lëtzebuerg nëmme kënne Friichten droë, wann se op enger gréisstméiglecher Zoustëmmung bei de Biirger foussen. Well mir ëmmer probéieren, Jidferee mat an d’Boot ze huelen, brénge mir et ëmmer erëm färdeg, fir och op schwieregen Themen e Konsens ze fannen. Déi aktuell Regierung mat grénger Bedeelegung huet grouss Effortë gemach fir esou vill wéi méiglech gesellschaftlech Akteuren an hir gesetzgeberesch Aarbecht mat anzebezéien. Ee Beispill vun dëser Virgehensweis sinn dem François Bausch séng intensiv Konsultatiounen am Kader vun der Landesplanung a vun der Mobilitéit. Een anert dee breede politesche Konsens deen de Felix Braz ronderëm dat neit Nationalitéitegesetz erreecht huet.

An dësem Gemengewahljoër ënnerstëtzen déi gréng Ministeren an Deputéiert  d’Lokalsektiounen tatkräfteg doduerch, dass si a méi wéi 30 Versammlungen uechter d’Land an d’Gemenge kommen. All interesséiert Bierger sinn invitéiert, fir bei dëse Geleeënheete mat de grénge Gewielten a Militanten diskutéieren ze kommen.

Françoise Folmer a Christian Kmiotek


Catégories: gréng Blogs

Iwwer d’Buere vu ganz décke politësche Brieder, Demokratien am populistësche Stresstest a gréng Lëtzebuerger Aussepolitik

15 Mars 2017
Méng Ried um grénge Kongress vum 11. März 2017

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Mir alleguer mussen de „jonke gréngen“ e grouse Merci soën, fir déi Resolutioun, déi sie um Kongress 2016 erabruecht haten iwwer TTIP a CETA. Hir Initiativ vu virun engem Joër huet net nëmmen zu enger grondsätzlecher Resolutioun gefouert, wéi aus grénger Siicht den internationalen Handel misst funktionnéieren, a watfirenge Standarden e misst ënnerworf sinn. D’Initiativ vun de jonke gréngen huet iwwer dat ganz lescht Joër eng Rei Saache bewierkt, déi typesch gréng sinn, an déi eiser Partei gutt zu Gesiicht stinn.

En Aarbechtsgrupp CETA: oppe fir jidfer Parteimëmber a ganz fläisseg

Den Aarbechtsgrupp, deen de Kongress vun 2016 agesat hat – an deen nach ëmmer besteet – weist exemplarësch, wéi eis Partei basisdemokratësch funktionéiert. Well jidfer Mëmber konnt sech aschreiwen a bis zu 30 Leit hu regelmässeg un den am Ganzen 8 Sëtzungen deelgeholl. Zesumme mam Catia Fernandes hunn ech de Groupe de Travail CETA/TTIP presidéiert an dat war net zu all Moment einfach fir eis, wëll de Sujet war a bleiwt héich emotionell, mee mir kënnen houfrech sinn, datt an eiser Partei de géigesäitege Respekt net nëmmen e Wuert mee eng geliefte Realitéit ass.

An enger éischter Phase huet den Aarbechtsgrupp sech informéiert: duurch d’Analyse vu relevante Rapporten, an 2 Sëtzunge mat internationalen Experte plus an enger 3. mam Ausseminister Jean Asselborn. Dat war wichteg, fir net nëmmen aus dem Bauch eraus ze debattéieren, mee „en connaissance de cause“  a mat dem néidegen Hannergrondwëssen kënnen ofzeweien an Argumenter z’entwéckelen.

„Die Politik bedeutet ein starkes langsames Bohren von harten Brettern mit Leidenschaft und Augenmaß zugleich“ (Max Weber)

Den Aarbechtsgrupp hat awer nach en 2., extrem wichtege Volet. Zesumme mat eise Regierungsmëmberen, mat eisen nationalen an dem Europa-Deputéierten a mat deenen hire Mataarbechterinnen a Mataarbechter hu mir regelmässeg de Point gemeet iwwer d’Entwécklungen am Dossier CETA, an deem et jo heiandsdo vu Woch zu Woch, mat Momenter vu Stonn zu Stonn Neiegkeeten a Revirementer goufen. Dëse stännegen Austausch huet opgewise, wéi all Niveaue vun der Partei am Dossier CETA am Intérêt vun der grénger Cause aktiv woren: d’Militanten déi mat villen anere besuergte Biergerinnen a Bierger op d’Strooss goungen; d’Ministeren, déi intensiv hannert de Regierungskulissen agéiert hunn; d’Parteipräsidenten, déi vill an de Medie präsent woren; de CEX, deen eng gemeinsam Sëtzung mam Aarbechtsgrupp hat; de Bréisseler Relais iwwer den Europadeputéierten a séng Mataarbechter, d‘Chamberfraktioun, déi an der Koalitioun e Maximum u grénge Positioune konnt duurchsetzen an de Parteirot, mat potenziell alle Parteimëmberen, deen och agebonne gouf.

Ech krut vun enger Rei Mëmbere vum Aarbechtsgrupp positive Feedback iwwer d’Schaffen am CETA-Aarbechtsgrupp, dee permanent d‘Ziel hat, eng gemeinsam a realistësch gréng Positioun ze formuléieren. Den Aarbechtsgrupp huet eis all awer och gewisen, datt seriö Politik wéineg ze dinn huet mat einfach nëmmen an all Micro braddelen, well reell Fortschrëtter goufe vun eise grénge Mandatären a mühseleger Iwwerzeegungsaarbecht färdeg bruecht. Oder wéi e Mëmber vum Aarbechtsgrupp et op de Punkt bruecht huet: „Dat do war nawell eng gellech Lektioun a Saache Politik!“.

International Handelsrelatioune mussen ëmmer dem Interessi vum Mënsch ënnergeuerdnet bleiwen

Ech denken, datt déi Resolutioun, déi d’Catia dem Kongress am Numm vum Arbechtsgrupp CETA/TTIP präsentéiert huet, e suergsam austaréierten Text ass, deen alle Sensibilitéite Rechnung dréit. Ech bieden Iech, de Propose vum CEX zu den Amendements Rechnung ze droën, an dono déi ganz Resolution z’acceptéieren. Ech sinn nämlech iwwerzeegt, datt dës „Resolutioun iwwer den internationalen Handel op enger fairer Basis“ e wichtegt Grondsazdokument ass, dat eis an eiser grénger Aarbecht och nach an Zukunft begleet.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Grad an der heiteger internationaler Konstellatioun mat hiren onbekannten Entwécklungen ass et sënnvoll, sech kloër ze positionéieren. Dat maache mir mat dëser Resolutioun iwwer international Handelsrelatiounen, déi ëmmer dem Interessi vum Mënsch mussen ënnergeuerdnet bleiwen. Erlaabt mer, e puer weider Remarken zur Aussepolitik, déi –  wéi mer all Dag matkréien –  en ëmmer méi groussen Afloss op eist deeglecht Liewe kritt.

Dagdeeglech kritt Aussepolitik en ëmmer méi groussen Afloss op eist Liewen

Ech war am Hierscht op Invitatioun vun den europäësche Gréngen agelueden an e Workshop iwwer d’Konsequenze vum BREXIT a wéi mir als gréng Bewegung domat ëmgoë sollen. Ech hu vill geléiert aus den Témoignage vun de grénge Kolleginnen a Kollegen aus England, Schottland, Wales, Nordirland an der Republik Irland. Dee bewegendsten Ament wor allerdéngs, wéi mer all op der Grenz tëscht Irland an Nordirland stoungen, eng Grenz, déi eng gréng Grenz ass (e schéinen Ausdrock, gelldiirt), sou wéi mir all se kennen, wéi zum Beispill tëscht Esch an Audun-le-Tiche, tëscht Kënzeg a Messancy, tëscht Veianen a Roth an der Our. Just e Potto an de Stroosebelag dee wiesselt weisen op eng Grenz hin.

D’Angscht bei eisen Irëschen an nordirësche Frënn ass, datt en haarde BREXIT – an dono gesäit et jo leider aus – och zu enger haarder Grenz féiert. Mee grad an dëser Regioun sinn d’Wonne vum jorzengtelaange Biergerkrich nach net verheelt. Eng haard Land-Grenz mat dauernde Kontrollen tëscht der Republik Irland an Europa an dem United Kingdom ausserhalb vun Europa, fuerdert déi al Dämonen eraus. A wéi se mer sote, sinn nach ganz vill Waffen a Sprengstoff ënnert de Leit. Eng Perspektiv déi mech schudderen deet.

Maueren an de Käpp féieren zu reelle Maueren tëscht Länner a Mënschen

Eigentlech hate mer jo all geduecht, datt Grenzen a Maueren Relikter aus der Vergaangenheet wären. Mee leider féiere Maueren am Kapp och zu reelle Maueren tëscht Länner a Mënschen.

Mir Europäer mussen eis guer net den Amerikaner iwwerleeë fillen, well och mir bauen Zénk a Mauere géint Mënschen, déi viru brutalem Krich a batterer Aarmut fortlafen. Mënschen, déi hiert Liewe rette wëllen wéinst massive Problemer, déi d’Europäer an d’Nordamerikaner mat hirer Politik, mat hirer Economie an och mat hirer internationaler Handelspolitik matverschëllt hunn oder zumindest net aus der Welt geschaaft hunn.

Demokratien ënnerleien am Ament dem Stresstest vum Populismus

Kolleginnen a Kollegen,

D’Demokratien an allen Deeler vun der Welt ënnerleien aktuell engem Stresstest, dem Stresstest vum Populismus. Populisten applizéieren am Ament zimmlech erfollegräich dat albekannte Rezept:

  1. Etapp: „Maach aus den diffuse Suerge vun de Leit staark Ängschten!“ an dann
  1. Etapp: „Gëff simplistësch Äntwerten op komplex Problemer!”

BREXIT an „America First“, „alternativ Fakten“ a Beschneide vun den onofhängege Medien, Ofbau vun Demokratie a Klengholz maachen aus der Justiz sinn esou simplistësch a falsch Äntwerten op Problemer déi ganz anzwousch anëscht leien oder esou komplex sinn, datt een se op kee Fall an 140 Twitter-Zeeche faasse kann.

Verstoë, firwat Wieler de Ratefänkerten mat de simplistëschen Äntwerten op komplex Problemer nolafen

Et geet awer net duer, datt mer eis iwwer populistësch Politiker opreegen, mir musse verstoë firwat vill Wielerinnen a Wieler hinnen nolafen. Et kann ee jo awer gutt novollzéien, datt wa Leit ofgehaange sinn oder sech am Stéch gelooss fillen, datt se dann op politësch Ratefänger erafalen.  Wa Mënschen ganz laang ouni Schaff sinn, we se dauernd an oder no bei der Aarmut liewe mussen, wa se keng Perspektiv gesinn op Verbesserung, wa se sech während Jorzéngte vun den traditionelle Parteie lénks oder riets leie gelooss spiren, da wielen se iergendwann Wilders, Petry oder Le Pen.

Inklusioun ass déi beschte Medezin géint politësch Scharlatanerei

Ech si frou, datt mer hei zu Lëtzebuerg – am Géigesaz zu villen aneren europäësche Länner – net blannemännches dem Mainstream vum ökonomësche Liberalismus nohechelen. De Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog – deen dës Regierung reaktivéiert huet – verhënnert datt hei am Land Mënschen ökonomësch a sozial an den Abseits geroden. An Inklusioun ass nun emol déi beschte Medezin géint politësch Scharlatanerei.

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Erlaabt mer zum Schluss nach e puer Wuert iwwer d‘Lëtzebuerger Aussepolitik. Eisen Ausseminister hëlt jo kee Blat virun de Mond a kritiséiert a klore Wierder europäësch Regierungen, déi probéieren d’Demokratie ausser Kraaft ze setzen.

D‘Lëtzebuerger Aussepolitik ass méi gréng ginn

Ofgesi vum Jean Asselborn séngem Ressort, stellen ech awer och fest, datt eis Aussepolitik an de leschte Joëre vill méi gréng ginn ass. Niewt dem Paräiser Klimaacoord an den Nofollegaarbechten derzou, hu mir matgehollëf d’Naturschutzregelen an der EU ze retten an den Handel mat CO2-Zertifikatën méi effektiv ze maachen. A Lëtzebuerg traut sech géint d’Atomlobby ze kloën! Och dat gehéiert ewell zur Lëtzebuerger Aussepolitik.

Dëst an d’Resolutioun iwwer CETA weisen, datt Aussepolitik, wa se da da gréng ass, net nëmmen ekonomësch Interessiën an de Mëttelpunkt stellt, mee ganz kloër Mënsch, Ëmwelt a global Gerechtegkeet.


Catégories: gréng Blogs

Firwat ech zwar mam Françoise Folmer keng Pärd stiele kann, awer mer eis als Präsidenten-Tandem vunn déi gréng optimal ergänzen

14 Mars 2017

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Ech leeën Iech elo duer, firwat ech mir wënschen, nach weider 2 Joër mam Françoise Folmer zesummen d’Co-Présidence vun eiser Partei z’assuméieren an z’assuréieren. Eischtens emol, well mir 2 mëttlerweil en agespilltent Team sinn, dat déi lescht 2 Joër super gudd zesumme funktionnéiert huet, wann net esouguer harmonéiert.

Dat huet sécherlech dermatt ze dinn, datt mir e gemeinsame Pêché mignon hunn: mir iesse gären e gudde Maufel, och wann d’Françoise dobäi e rassege Chardonnay drénkt an ech léiwer en eelere Rouden. Mir 2 widderleeën domat op alle Fall déi falsch Iddi, all Gréng géife just Käre friessen a sech vu Krunnewaasser ernieren. Ganz am Géigendeel: mir engagéieren eis an der grénger Bewegung, fir datt mir – an all déi aner Leit och – och nach an Zukunft eng gutt Liewensqualitéit genéisse kënnen.

Apropos gréng: méi gréng wéi d’Françoise geess de schwéier sichen. Well am déiwe Wanter an aller Herrgottsfréi opzestoën, fir da vu Pëntsch – fir de Camille : dat läit irgendwou nach wäit, ganz wäit hannert der Pampa –, also vu Pëntsch mat Zuch a Bus pënktlech – bon, Fränz : d’Bunn ass net ëmmer esou à l’heure, do hues de nach Aarbecht – , also mol méi, mol manner  pënktlech um 8 Auer mueres an der Stad unzetriede, fir mat eise Regierungsmëmberen an eiser Fraktiounscheffin de Regierungsrot virzebereeden, dofir muss de souvill Motivatioun matbrénge wéi d’Françoise.

Dono ass d’Françoise dann a séngem Architekteberuff ënnerwee, entweder mat séngem eegenen Elekromobil oder mam Car’loh (Merci deene Gréngen aus dem Stater Schäfferot !).

Ech hu mer d’Fro gestallt, op ee mam Françoise kéint Pärd stielen. Ech hunn déi Iddi séier verworf, well am Géigesaz zum d’Françoise reiden ech net; d’Françoise huet selwer Pärd an engagéiert sech staark an der Reidtherapie. Hatt ass also souwuel e Mënsche- wéi en Déierefrënd. Wat ech allerdéngs an deenen 2 Joër Zesummenarbecht erausfonnt hunn ass, datt d’Françoise an ech eis gudd ergänzen : ech si jo heinandsdo sturazeg an impulsiv, d’Françoise ass méi poséiert, ka vill besser diplomatësch formuléiere a wéinst sénger Ausbildung als Médiatrice och vill besser vermëttelen.

D’Françoise huet sech an de leschten 2 Joër gutt ageschafft a bréngt eng dausendprozenteg Motivatioun mat. Ech wënsche mer, déi grouss Erausfuerderunge vun de Walen 2017 an 2018 zesummen als Präsidenten-Tandem mam Françoise ze meeschteren.

(Foto vum Sepp Pannrucker: Christian Goebel, Françoise Folmer a Christian Kmiotek um grénge Kongress vum 11.3.2017)
Catégories: gréng Blogs

Lëtzebuerg weider entwéckelen

30 Janvier 2017

vum Christian Kmiotek a Françoise Folmer

Zanter den 1990er Jorë goufe vill Chance verpasst, fir d‘Entwécklung vun eisem Land a Richtung Nohaltegkeet ze leeden. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eise Landschaften, ze wéineg Schutz vun eise Liewensgrondlagen Natur an Ëmwelt, awer och de Mangel u bezuelbare Wunnéngen. Mee déi Phänomener si keng Fatalitéit, an déi blo-rout-gréng Koalitioun schafft dorunner fir dat ze änneren.

De Staatsbudget fir 2017 gesäit en Defizit vun 1 Milliard vir, an dat aus guddem Gronn. Et ginn nämlech 2,5 Milliarden a Schoulen, an Infrastrukturen an an den ëffentlechen Transport investéiert; 2,5 Milliarden Euro, déi och eise Kanner a Kandskanner zegutt kommen. Dann ass et an eisen Aë méi wéi legitim, een Deel vun deem Invest iwwer e Prêt mat historësch niddregen Zënsen ze finanzéieren.

„Ëmweltschutz ass keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen.“

Iwwregens: Amplaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an op den Ausbau vun den erneierbaren Energiën fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Paräis z‘erreechen. Ëmweltschutz ass keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen. Fir eis Gréng muss Liewensqualitéit iwwer dem Wuesstem stoën.

„Lëtzebuerg muss sech anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg.“

Mir mussen eist Land esou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéieren eng gesond Wirtschaft an eng intakt Ëmwelt, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft mat Aarbecht fir jidfereen. Weder eis Economie nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt sinn dofir ze begrenzt.

Lëtzebuerg muss sech also anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg. Am Ament ass et wichteg, zesummen driwwer nozedenken, wéi mer Lëtzebuerg op déi wichteg nei Erausfuerderungen, op déi 3. Industriell Revolutioun virbereeden. Mir mussen zu Lëtzebuerg elo all eis Kräften drop bündelen, fir ze kucke wéi mer un der Spëtzt vun den neien Entwécklunge stoë kënnen.

„Kohärent Visiounen a konkret Léisungsvirschléi“

Mir Gréng wëlle Lëtzebuerg och an de Gemenge weider entwéckelen. D’Zukunftsdebatt, déi d’Regierung ugestouss huet, muss och an de Gemenge gefouert gin. Well d‘Gemenge si wichteg Acteuren, ënner aanerem wann et ëm d’Gestaltung an d’Entwécklung vun hirem eegenen Territoire, an ëm d’Liewensqualitéit vun hire Bierger geet. A grad an de Gemengen ass et méiglech, no bei de Bierger a mat de Leit Politik ze maachen.

An den nächste Méint organiséiere mir Gréng mat eise Ministeren a Deputéierten an de Gemengen eng ganz Rei Konferenz- an Diskussiounsowenter. Dobäi wëlle mir de Leit nolauschteren, hinnen eis kohärent Visiounen a konkret Léisungsvirschléi virstellen a mat hinnen doriwer debattéieren. Mir freeën eis op dës Echangen, an op de Rendez-Vous mat de Wielerinnen a Wieler am Oktober 2017.

Christian Kmiotek a Françoise Folmer


Catégories: gréng Blogs

2017 – méng gréng Neijoërsried

24 Janvier 2017

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen, Léif politësch Mandatären, Léif Vertrieder vun de Medien,

Ech wënschen Iech zesumme mat ménger Co-Präsidentin Françoise Folmer am Numm vun der grénger Partei all Gutts fir 2017.

2016 war intellektuell e ganz bemierkenswert Joër: Mer hunn all een neie Begrëff geléiert, „post-truth politics“, de postfaktëschen Zäitalter huet sech politësch duerchgesat, an deen almoudësche Wert „Wourecht“ ass an de soziale Medien kuurzerhand digital geschreddert ginn. Esouguer de Kleeschen huet missen dru gleewen!

2016 war och demoskopësch a politësch e ganz bemierkenswert Joër: Regionalwalen an Däitschland, e Referendum a Groussbritannien an eng Präsidentewiel an den USA ware fir zolitt Iwwerraschunge gutt.

„Mir gréng fillen eis wuel an dëser Koalitioun“

Wann ech op dat nationalpolitëscht 2016 zeréckkucken, da stellen ech fest, datt déi blo-roud-gréng Koalitioun hir Vitesse de Croisière bei de néidege Reformen an de noutwennege Verbesserungen ouni Problem weider hält. De Koalitiounsaccord gëtt systematesch ofgehakt an och fir nei Problemer, déi stënterlech opdauche gi sënnvoll  a realistéisch Léisunge fonnt an ëmgesat. Loosst mech et ganz pauschal op de Punkt bréngen: Mir gréng fillen eis wuel an dëser Koalitioun !

Der Oppositioun bleiwt dacks de Mond opstoën. Déi gréisst Oppositiounspartei ass esou duerch de Wand, datt se déi steierlech Regelungen – oder soll ech soë Rulingen ? – déi se selwer erfonnt huet, ewell als Däiwelswierk verdaamt. Vill méi ass hir zur Steierreform net agefall; a fir Lëtzebuerg am Ganzen huet se och kee Plang.

D’Dräierkoalitioun mécht därweil d’Land fit fir d’Zukunft. D’Feeler aus de läschte Joërzéngte gi weiderhinn opgeschafft an d’Weiche ginn nei gestalt.

Jo, de Staatsbudget 2017 gesäit en Defizit vunn 1 Milliard vir, an dat aus guddem Gronn. Et ginn nämlech 2,5 Milliarden a Schoulen, an Infrastrukturen an an den ëffentlechen Transport investéiert; 2,5 Milliarden Euro, déi och eise Kanner a Kandskanner zegutt kommen. Dann ass et a méngen Aë méi wéi legitim, een Deel vun deem Invest iwwer e Prêt mat historësch niddregen Zënsen ze finanzéieren.

Iwwregens: Amplaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an op den Ausbau vun erneierbaren Energiën fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Paräis z‘erreechen.

„Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen“

Ech bedaueren, datt am Claude Wiseler séngem „Plang fir Lëtzebuerg“ keng eenzeg Ausso ze fannen ass zu Sujetë wéi Klima- an Ëmweltschutz, erneierbar Energien, dem Tram, Car-sharing oder der Eisebunn … . Dat ass schued, well Ëmweltschutz ass jo keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen. Dorunner schaffen eis gréng Regierungsmëmberen an Deputéiert, eis gréng Buurgermeeschtere, Schäffen a Gemengeréit vu mueres fréi bis owes spéit. Weider esou, léif gréng Kolleginnen a Kollegen!

„Mir gréng si gläichzäiteg innovativ an awer och konservativ“

Mir gréng si jo eigentlech ganz komësch Modeller, beim Auto géif ee soë, mir wären Hybriden. Mir gréng si gläichzäiteg innovativ an awer och konservativ. Innovativ sécherlech wat d’Gesellschaftspolitik ugeet an awer och andeems mir konstruktiv Léisunge fir komplex Problemer proposéieren. Konservativ, an deem Sënn datt mer wëllen erhalen: d’Schéinheet vun eiser Ëmwelt, d’Intaktheet vun der Natur, d’Liewensqualitéit vun de Leit.

Deemno gesi mir gréng de Wuesstum als alleréischt emol mat engem kritëschen A. Well zanter dem Enn vun den 1990er Jorë goufe vill Chance verpasst fir d‘Entwécklung vun eisem Land a Richtung Nohaltegkeet ze leeden. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eise Landschaften, ze wéineg Schutz vun eise Liewensgrondlagen Natur an Ëmwelt, awer och de Mangel u bezuelbare Wunnéngen. Mee déi Phänomener si keng Fatalitéit, an déi blo-rout-gréng Koalitioun schafft dorunner fir dat ze änneren.

„Lëtzebuerg muss sech anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg“

Fir eis gréng muss Liewensqualitéit iwwer dem Wuesstem stoën. Mir mussen eist Land esou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéieren eng gesond Wirtschaft an eng intakt Ëmwelt, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft mat Aarbecht fir jidfereen. Weder eis Economie nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt sinn dofir ze begrenzt. Lëtzebuerg muss sech also anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg. Dass dat méiglech ass, weist d‘ Regierungs- a Chamberaarbecht, awer och de gréngen Asaz um kommunalen Terrain.

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen, ech denken dir sidd mat mir d’accord: Mir sinn houfreg, datt mer eis gréng Positiounen, iwwer déi virun 10 oder 5 Joër nach voller Matleed geschmunzelt gouf, datt mer déi haut kënne mat manner Widderstand duerchsetzen. Ech gräifen als Beispill den Tanktourismus eraus. D’Etude iwwer déi direkt an indirekt –  positiv an negativ – Auswierkunge vum Tanktourismus ass an der Gesellschaft mat engem: „Dat do hu mer eis jo schonn ëmmer geduecht, an elo hu mer et schwaarz op wäiss“ quittéiert ginn.

Viru Joëre wäre mer zerrappt ginn, fir déi Fakten, déi mer op den Dësch geluecht hunn, an et wär probéiert ginn, all eenzel Zuel ze relativéieren. Haut ass eis Gemeinschaft méi wäit a mir verstinn, datt Alles, wat mer hei zu Lëtzebuerg maachen och Repercussiounen op anere Plaze an Europa an an der Welt huet.

„All eis Kräfte bündelen, fir un der Spëtzt vun den neien Entwécklungen ze stoën“

Mir gréng freeën eis, datt eis Gesellschaft ewell esou räif ass, ze soën: „Komm mer klammen aus deem Auslafmodell Tanktourismus – oder och nach aus de kuerzfristege Steiernischen – eraus, a mir denken zesummen driwwer no, wéi mer Lëtzebuerg op déi wichteg nei Erausfuerderungen, op déi 3. Industriell Revolutioun virbereeden!“.

Mir mussen zu Lëtzebuerg elo all eis Kräften drop bündelen, fir ze kucke wéi mer un der Spëtzt vun den neien Entwécklunge stoë kënnen.

  • Da maache mer eist Land topfit fir d’Zukunft. Dann ass 100% Elektromobilitéit bis 2030 keng gréng Utopie, mee en enorme Gewënn u Loftqualitéit an u Gesondheet an domadder Liewensqualitéit fir eist Ländchen a séng Leit.
  • Da sinn 100% erneierbar Energien am Joer 2050 keng gréng Spënnerei, mee dat konsequent Lasskoppele vun enger onnëtzer a geféierlecher Energieofhängegkeet vun Ueleg an Atom, fir nëmmen ee vu ville Virdeeler ze nennen.
  • Dann ass d‘Nohaltegkeetszil 100% Biolandwirtschaft méi wéi eng gréng Visioun, et ass de Wee zu gesonder Liewensmëttelproduktioun an dem Erhale vun der Landwirtschaft an eise Regiounen.
  • An dann ass och d’Zil, an 3 Joër op 30% Bioliewensmëttel an eise Kantinnen ze sinn, keen Dram, mä et bedeit e Qualitéitssprong fir d’Konsumenten, e Gewënn fir d’Produzenten a sécher Aarbechtsplazen heiheem.

Dat si fir eis e puer Kärpunkte vu grénger Politik a sënnvoll an néideg Moossnahme fir eist Land. Esou assuréiere mer heideg an zukünfteg Liewensqualitéit, all dëst bedeit fir jidfereen e « Besser liewen ». Gutt 3 Joër hunn elo schonn eis gréng Regierungsmëmberen an Deputéiert mat Fläiss an Engagement dorunner geschafft, a si maache weider esou bis déi lescht Sekonn vun dëser Legislaturperiod, onopgeregt a kompetent.


Catégories: gréng Blogs

gréng Blogs