gréng Blogs

En français svp?

Claude Adam - 23 Mars 2017

Konferenz Méisproochegkeet um Aarbechtsmaart:
Dënsdeg, den 28. Mäerz um 19:00 Auer am Forum Da Vinci

Mir stelle fest, datt graff vereinfacht, zu Lëtzebuerg 100.000 Lëtzebuerger schaffen, 100.000 net-Lëtzebuerger Residenten an 200.000 Frontalieren. Datt ënnert deene Prämissen a ville Betriber wéineg Lëtzebuergesch geschwat gëtt, ass net verwonnerlech. An enger globaliséierter Welt ass dat och kaum ze änneren. Huele mer mol e Betrib ewéi d’Good Year, e Betrib dee mëttlerweil bal 70 Joer hei am Land ass. Do schaffen haut méi ewéi 3000 Leit, dat ass ee vun de gréisste Privatbetriber am Land. Ech weess net wéi eng Sproochen an der Produktioun geschwat ginn, ech weess awer, datt déi éischt offiziell Sprooch vun dësem Betrib weder Lëtzebuergesch nach Franséisch, mee Englesch ass. [1]

Bei der Gesellschaft Luxtram, déi den Tram bedreift, ass déi operationell Sprooch franséisch, sou datt d’Mataarbechter vu Luxtram dës Sprooch musse beherrschen. Si missten d’Regelen an d‘Sécherheetsprozedure vum Tram kënne verstoen an déi wieren eben op franséisch, esou de Minister.

Dat sinn zwee Beispiller déi weisen, datt mer eis Sprooch solle fërderen, mee näischt kënne forcéieren a vun uewen erof diktéieren.

Wat bedeit eng Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch fir den Aarbechtsmaart ? Wat sinn déi eenzel Uspréch an deene verschiddene Wirtschaftssecteuren ? Wéi gesäit eng erfollegräich Sproochegestioun an der Entreprise aus ? Fir op dës a weider Froen anzegoen huet déi gréng Stëftung op eng Table ronde agelueden. Um Plateau sinn : De Fernand Fehlen, Chercheur an Auteur zu deem Sujet, a 5 Vertrieder vu grousse Betriber déi Responsabilitéit an de Ressources humaines droen. D’Moderatioun gëtt assuréiert vun der Journalistin Bérengère Beffort vum Lëtzebuerger Wort.

De Rendez-vous ass: Dënsdeg, den 28. Mäerz um 19 :00 Auer am Forum Da Vinci an der Stad.

[1] Extrait aus menger Chamberried am Kader vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, den 15. März 2017

Catégories: gréng Blogs

Lëtzebuerg weider denken

Christian Kmiotek - 22 Mars 2017

vum Françoise Folmer a Christian Kmiotek

Op hirem Kongress Ufanks März huet déi gréng Partei mat hire Mëmberen a Gewielten zesummen eng konsequent an équilibréiert Politik fir Lëtzebuerg definéiert.

Ronderem Lëtzebuerg sinn zur Zeit um internationale Plang d’Erausfuerderunge grouss:

  • Fir de politësche Rietsruck a verschiddenen europäesche Länner an an den USA ze konteren, setzen déi gréng sech a fir Fräiheet, Rechtsstaatlechkeet an de Schutz vu Minoritéiten.
  • Brutal Konflikter an Aarmut am Noën Osten an an Afrika verdreiwen Honnertdausende vu Mënschen aus hirer Heemecht. déi gréng setze sech an fir dass déi Leit, déi virum Krich op Lëtzebuerg flüchten, hei fir sech an hir Familjen eng Zukunft kënne fannen.

Lëtzebuerg ass wéi seng europäesch Partner direkt betraff vun all deenen Entwécklungen, déi deelweis fir staark politesch Turbulenzen op der Weltbühn suergen. An dësen Zäiten brengt et awer näischt, fir mam Fanger op Anerer ze weisen, fir sech anzemaueren a fir ganz Mënschegruppen auszegrenzen. Lëtzebuerg as beispillhaft fir e friddlecht Zesummeliewe vu Mënsche mat alle méigleche kulturellen Hannergrënn. Lëtzebuerg weist all Dag, dass et ouni Mauere geet, an dass Diversitéit eng Beräicherung a keng Bedrohung ass. Fir dass dat och weider esou bleiwt, machen déi gréng eng Politik, déi Solidaritéit grouss schreiwt, an déi Lëtzebuerg an Europa stärkt a méi no zesumme réckele léisst.

Déi gréng Partei wäert weiderhin d’Visioun héichhalen vun enger oppener a gerechter Gesellschaft, déi e besonnëche Wärt op Ecologie an Emwelt leet. Eis Politik suergt fir eng besser Liewensqualitéit fir Jidfereen an ass dropp aus, fir alle Kanner eng besser Welt ze hannerloossen.

Duurch eis Aarbecht vun den leschte Joëren erreechen a mobiliséiere gréng Iddiën ëmmer méi Mënschen. Leider happert et awer nach oft un der Ëmsetzung. Dat as novollzéibar, well gréng Iddië ville Mënschen zwar logësch virkommen, mee se sinn net mat simplistesche Parolen ëmzesetzen. déi gréng stellen awer fest, dass och haut schonn en Ëmdenken a breeden Deeler vun der Bevölkerung amgaang ass, well ëmmer méi Leit hier Liewensqualitéit net méi eleng duurch materielle Konsum definéieren. Hei si vill Initiativen a „grénge“ Gemenge richtungsweisend, grad esou wéi d’Vierliewe vun neie Gesellschaftsmodeller am Kader vun der Transitiounsbewegung, an där vill vunn de grénge Mëmberen a Sympathisante sech engagéieren.

Als Gréng wësse mir awer och, dass Strategië fir Lëtzebuerg nëmme kënne Friichten droë, wann se op enger gréisstméiglecher Zoustëmmung bei de Biirger foussen. Well mir ëmmer probéieren, Jidferee mat an d’Boot ze huelen, brénge mir et ëmmer erëm färdeg, fir och op schwieregen Themen e Konsens ze fannen. Déi aktuell Regierung mat grénger Bedeelegung huet grouss Effortë gemach fir esou vill wéi méiglech gesellschaftlech Akteuren an hir gesetzgeberesch Aarbecht mat anzebezéien. Ee Beispill vun dëser Virgehensweis sinn dem François Bausch séng intensiv Konsultatiounen am Kader vun der Landesplanung a vun der Mobilitéit. Een anert dee breede politesche Konsens deen de Felix Braz ronderëm dat neit Nationalitéitegesetz erreecht huet.

An dësem Gemengewahljoër ënnerstëtzen déi gréng Ministeren an Deputéiert  d’Lokalsektiounen tatkräfteg doduerch, dass si a méi wéi 30 Versammlungen uechter d’Land an d’Gemenge kommen. All interesséiert Bierger sinn invitéiert, fir bei dëse Geleeënheete mat de grénge Gewielten a Militanten diskutéieren ze kommen.

Françoise Folmer a Christian Kmiotek


Catégories: gréng Blogs

Iwwer d’Buere vu ganz décke politësche Brieder, Demokratien am populistësche Stresstest a gréng Lëtzebuerger Aussepolitik

Christian Kmiotek - 15 Mars 2017
Méng Ried um grénge Kongress vum 11. März 2017

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Mir alleguer mussen de „jonke gréngen“ e grouse Merci soën, fir déi Resolutioun, déi sie um Kongress 2016 erabruecht haten iwwer TTIP a CETA. Hir Initiativ vu virun engem Joër huet net nëmmen zu enger grondsätzlecher Resolutioun gefouert, wéi aus grénger Siicht den internationalen Handel misst funktionnéieren, a watfirenge Standarden e misst ënnerworf sinn. D’Initiativ vun de jonke gréngen huet iwwer dat ganz lescht Joër eng Rei Saache bewierkt, déi typesch gréng sinn, an déi eiser Partei gutt zu Gesiicht stinn.

En Aarbechtsgrupp CETA: oppe fir jidfer Parteimëmber a ganz fläisseg

Den Aarbechtsgrupp, deen de Kongress vun 2016 agesat hat – an deen nach ëmmer besteet – weist exemplarësch, wéi eis Partei basisdemokratësch funktionéiert. Well jidfer Mëmber konnt sech aschreiwen a bis zu 30 Leit hu regelmässeg un den am Ganzen 8 Sëtzungen deelgeholl. Zesumme mam Catia Fernandes hunn ech de Groupe de Travail CETA/TTIP presidéiert an dat war net zu all Moment einfach fir eis, wëll de Sujet war a bleiwt héich emotionell, mee mir kënnen houfrech sinn, datt an eiser Partei de géigesäitege Respekt net nëmmen e Wuert mee eng geliefte Realitéit ass.

An enger éischter Phase huet den Aarbechtsgrupp sech informéiert: duurch d’Analyse vu relevante Rapporten, an 2 Sëtzunge mat internationalen Experte plus an enger 3. mam Ausseminister Jean Asselborn. Dat war wichteg, fir net nëmmen aus dem Bauch eraus ze debattéieren, mee „en connaissance de cause“  a mat dem néidegen Hannergrondwëssen kënnen ofzeweien an Argumenter z’entwéckelen.

„Die Politik bedeutet ein starkes langsames Bohren von harten Brettern mit Leidenschaft und Augenmaß zugleich“ (Max Weber)

Den Aarbechtsgrupp hat awer nach en 2., extrem wichtege Volet. Zesumme mat eise Regierungsmëmberen, mat eisen nationalen an dem Europa-Deputéierten a mat deenen hire Mataarbechterinnen a Mataarbechter hu mir regelmässeg de Point gemeet iwwer d’Entwécklungen am Dossier CETA, an deem et jo heiandsdo vu Woch zu Woch, mat Momenter vu Stonn zu Stonn Neiegkeeten a Revirementer goufen. Dëse stännegen Austausch huet opgewise, wéi all Niveaue vun der Partei am Dossier CETA am Intérêt vun der grénger Cause aktiv woren: d’Militanten déi mat villen anere besuergte Biergerinnen a Bierger op d’Strooss goungen; d’Ministeren, déi intensiv hannert de Regierungskulissen agéiert hunn; d’Parteipräsidenten, déi vill an de Medie präsent woren; de CEX, deen eng gemeinsam Sëtzung mam Aarbechtsgrupp hat; de Bréisseler Relais iwwer den Europadeputéierten a séng Mataarbechter, d‘Chamberfraktioun, déi an der Koalitioun e Maximum u grénge Positioune konnt duurchsetzen an de Parteirot, mat potenziell alle Parteimëmberen, deen och agebonne gouf.

Ech krut vun enger Rei Mëmbere vum Aarbechtsgrupp positive Feedback iwwer d’Schaffen am CETA-Aarbechtsgrupp, dee permanent d‘Ziel hat, eng gemeinsam a realistësch gréng Positioun ze formuléieren. Den Aarbechtsgrupp huet eis all awer och gewisen, datt seriö Politik wéineg ze dinn huet mat einfach nëmmen an all Micro braddelen, well reell Fortschrëtter goufe vun eise grénge Mandatären a mühseleger Iwwerzeegungsaarbecht färdeg bruecht. Oder wéi e Mëmber vum Aarbechtsgrupp et op de Punkt bruecht huet: „Dat do war nawell eng gellech Lektioun a Saache Politik!“.

International Handelsrelatioune mussen ëmmer dem Interessi vum Mënsch ënnergeuerdnet bleiwen

Ech denken, datt déi Resolutioun, déi d’Catia dem Kongress am Numm vum Arbechtsgrupp CETA/TTIP präsentéiert huet, e suergsam austaréierten Text ass, deen alle Sensibilitéite Rechnung dréit. Ech bieden Iech, de Propose vum CEX zu den Amendements Rechnung ze droën, an dono déi ganz Resolution z’acceptéieren. Ech sinn nämlech iwwerzeegt, datt dës „Resolutioun iwwer den internationalen Handel op enger fairer Basis“ e wichtegt Grondsazdokument ass, dat eis an eiser grénger Aarbecht och nach an Zukunft begleet.

Léif Kolleginnen a Kollegen,

Grad an der heiteger internationaler Konstellatioun mat hiren onbekannten Entwécklungen ass et sënnvoll, sech kloër ze positionéieren. Dat maache mir mat dëser Resolutioun iwwer international Handelsrelatiounen, déi ëmmer dem Interessi vum Mënsch mussen ënnergeuerdnet bleiwen. Erlaabt mer, e puer weider Remarken zur Aussepolitik, déi –  wéi mer all Dag matkréien –  en ëmmer méi groussen Afloss op eist deeglecht Liewe kritt.

Dagdeeglech kritt Aussepolitik en ëmmer méi groussen Afloss op eist Liewen

Ech war am Hierscht op Invitatioun vun den europäësche Gréngen agelueden an e Workshop iwwer d’Konsequenze vum BREXIT a wéi mir als gréng Bewegung domat ëmgoë sollen. Ech hu vill geléiert aus den Témoignage vun de grénge Kolleginnen a Kollegen aus England, Schottland, Wales, Nordirland an der Republik Irland. Dee bewegendsten Ament wor allerdéngs, wéi mer all op der Grenz tëscht Irland an Nordirland stoungen, eng Grenz, déi eng gréng Grenz ass (e schéinen Ausdrock, gelldiirt), sou wéi mir all se kennen, wéi zum Beispill tëscht Esch an Audun-le-Tiche, tëscht Kënzeg a Messancy, tëscht Veianen a Roth an der Our. Just e Potto an de Stroosebelag dee wiesselt weisen op eng Grenz hin.

D’Angscht bei eisen Irëschen an nordirësche Frënn ass, datt en haarde BREXIT – an dono gesäit et jo leider aus – och zu enger haarder Grenz féiert. Mee grad an dëser Regioun sinn d’Wonne vum jorzengtelaange Biergerkrich nach net verheelt. Eng haard Land-Grenz mat dauernde Kontrollen tëscht der Republik Irland an Europa an dem United Kingdom ausserhalb vun Europa, fuerdert déi al Dämonen eraus. A wéi se mer sote, sinn nach ganz vill Waffen a Sprengstoff ënnert de Leit. Eng Perspektiv déi mech schudderen deet.

Maueren an de Käpp féieren zu reelle Maueren tëscht Länner a Mënschen

Eigentlech hate mer jo all geduecht, datt Grenzen a Maueren Relikter aus der Vergaangenheet wären. Mee leider féiere Maueren am Kapp och zu reelle Maueren tëscht Länner a Mënschen.

Mir Europäer mussen eis guer net den Amerikaner iwwerleeë fillen, well och mir bauen Zénk a Mauere géint Mënschen, déi viru brutalem Krich a batterer Aarmut fortlafen. Mënschen, déi hiert Liewe rette wëllen wéinst massive Problemer, déi d’Europäer an d’Nordamerikaner mat hirer Politik, mat hirer Economie an och mat hirer internationaler Handelspolitik matverschëllt hunn oder zumindest net aus der Welt geschaaft hunn.

Demokratien ënnerleien am Ament dem Stresstest vum Populismus

Kolleginnen a Kollegen,

D’Demokratien an allen Deeler vun der Welt ënnerleien aktuell engem Stresstest, dem Stresstest vum Populismus. Populisten applizéieren am Ament zimmlech erfollegräich dat albekannte Rezept:

  1. Etapp: „Maach aus den diffuse Suerge vun de Leit staark Ängschten!“ an dann
  1. Etapp: „Gëff simplistësch Äntwerten op komplex Problemer!”

BREXIT an „America First“, „alternativ Fakten“ a Beschneide vun den onofhängege Medien, Ofbau vun Demokratie a Klengholz maachen aus der Justiz sinn esou simplistësch a falsch Äntwerten op Problemer déi ganz anzwousch anëscht leien oder esou komplex sinn, datt een se op kee Fall an 140 Twitter-Zeeche faasse kann.

Verstoë, firwat Wieler de Ratefänkerten mat de simplistëschen Äntwerten op komplex Problemer nolafen

Et geet awer net duer, datt mer eis iwwer populistësch Politiker opreegen, mir musse verstoë firwat vill Wielerinnen a Wieler hinnen nolafen. Et kann ee jo awer gutt novollzéien, datt wa Leit ofgehaange sinn oder sech am Stéch gelooss fillen, datt se dann op politësch Ratefänger erafalen.  Wa Mënschen ganz laang ouni Schaff sinn, we se dauernd an oder no bei der Aarmut liewe mussen, wa se keng Perspektiv gesinn op Verbesserung, wa se sech während Jorzéngte vun den traditionelle Parteie lénks oder riets leie gelooss spiren, da wielen se iergendwann Wilders, Petry oder Le Pen.

Inklusioun ass déi beschte Medezin géint politësch Scharlatanerei

Ech si frou, datt mer hei zu Lëtzebuerg – am Géigesaz zu villen aneren europäësche Länner – net blannemännches dem Mainstream vum ökonomësche Liberalismus nohechelen. De Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog – deen dës Regierung reaktivéiert huet – verhënnert datt hei am Land Mënschen ökonomësch a sozial an den Abseits geroden. An Inklusioun ass nun emol déi beschte Medezin géint politësch Scharlatanerei.

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Erlaabt mer zum Schluss nach e puer Wuert iwwer d‘Lëtzebuerger Aussepolitik. Eisen Ausseminister hëlt jo kee Blat virun de Mond a kritiséiert a klore Wierder europäësch Regierungen, déi probéieren d’Demokratie ausser Kraaft ze setzen.

D‘Lëtzebuerger Aussepolitik ass méi gréng ginn

Ofgesi vum Jean Asselborn séngem Ressort, stellen ech awer och fest, datt eis Aussepolitik an de leschte Joëre vill méi gréng ginn ass. Niewt dem Paräiser Klimaacoord an den Nofollegaarbechten derzou, hu mir matgehollëf d’Naturschutzregelen an der EU ze retten an den Handel mat CO2-Zertifikatën méi effektiv ze maachen. A Lëtzebuerg traut sech géint d’Atomlobby ze kloën! Och dat gehéiert ewell zur Lëtzebuerger Aussepolitik.

Dëst an d’Resolutioun iwwer CETA weisen, datt Aussepolitik, wa se da da gréng ass, net nëmmen ekonomësch Interessiën an de Mëttelpunkt stellt, mee ganz kloër Mënsch, Ëmwelt a global Gerechtegkeet.


Catégories: gréng Blogs

Firwat ech zwar mam Françoise Folmer keng Pärd stiele kann, awer mer eis als Präsidenten-Tandem vunn déi gréng optimal ergänzen

Christian Kmiotek - 14 Mars 2017

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen,

Ech leeën Iech elo duer, firwat ech mir wënschen, nach weider 2 Joër mam Françoise Folmer zesummen d’Co-Présidence vun eiser Partei z’assuméieren an z’assuréieren. Eischtens emol, well mir 2 mëttlerweil en agespilltent Team sinn, dat déi lescht 2 Joër super gudd zesumme funktionnéiert huet, wann net esouguer harmonéiert.

Dat huet sécherlech dermatt ze dinn, datt mir e gemeinsame Pêché mignon hunn: mir iesse gären e gudde Maufel, och wann d’Françoise dobäi e rassege Chardonnay drénkt an ech léiwer en eelere Rouden. Mir 2 widderleeën domat op alle Fall déi falsch Iddi, all Gréng géife just Käre friessen a sech vu Krunnewaasser ernieren. Ganz am Géigendeel: mir engagéieren eis an der grénger Bewegung, fir datt mir – an all déi aner Leit och – och nach an Zukunft eng gutt Liewensqualitéit genéisse kënnen.

Apropos gréng: méi gréng wéi d’Françoise geess de schwéier sichen. Well am déiwe Wanter an aller Herrgottsfréi opzestoën, fir da vu Pëntsch – fir de Camille : dat läit irgendwou nach wäit, ganz wäit hannert der Pampa –, also vu Pëntsch mat Zuch a Bus pënktlech – bon, Fränz : d’Bunn ass net ëmmer esou à l’heure, do hues de nach Aarbecht – , also mol méi, mol manner  pënktlech um 8 Auer mueres an der Stad unzetriede, fir mat eise Regierungsmëmberen an eiser Fraktiounscheffin de Regierungsrot virzebereeden, dofir muss de souvill Motivatioun matbrénge wéi d’Françoise.

Dono ass d’Françoise dann a séngem Architekteberuff ënnerwee, entweder mat séngem eegenen Elekromobil oder mam Car’loh (Merci deene Gréngen aus dem Stater Schäfferot !).

Ech hu mer d’Fro gestallt, op ee mam Françoise kéint Pärd stielen. Ech hunn déi Iddi séier verworf, well am Géigesaz zum d’Françoise reiden ech net; d’Françoise huet selwer Pärd an engagéiert sech staark an der Reidtherapie. Hatt ass also souwuel e Mënsche- wéi en Déierefrënd. Wat ech allerdéngs an deenen 2 Joër Zesummenarbecht erausfonnt hunn ass, datt d’Françoise an ech eis gudd ergänzen : ech si jo heinandsdo sturazeg an impulsiv, d’Françoise ass méi poséiert, ka vill besser diplomatësch formuléiere a wéinst sénger Ausbildung als Médiatrice och vill besser vermëttelen.

D’Françoise huet sech an de leschten 2 Joër gutt ageschafft a bréngt eng dausendprozenteg Motivatioun mat. Ech wënsche mer, déi grouss Erausfuerderunge vun de Walen 2017 an 2018 zesummen als Präsidenten-Tandem mam Françoise ze meeschteren.

(Foto vum Sepp Pannrucker: Christian Goebel, Françoise Folmer a Christian Kmiotek um grénge Kongress vum 11.3.2017)
Catégories: gréng Blogs

No Hate Speech Movement – “Mit Energie und Konsequenz gegen Bullshit”

Claude Adam - 02 Mars 2017

Internationale Konferenz in Berlin der No-Hate-Allianz des Europarats am 13. Februar 2017

So mancher schiebt die Schuld für Hassnachrichten, die tagtäglich in Kommentarspalten und sozialen Netzwerken auftauchen, auf die neuen Medien: ohne Facebook, Twitter und Konsorten gäbe es solch menschenverachtende Beiträge nicht. Die Medien an sich, ob neu oder traditionell, sind jedoch neutral; sie dienen der Vermittlung von Botschaften. Das “Neue” an den neuen Medien sind die veränderten Möglichkeiten der Kommunikation und die Formen die Botschaften annehmen können.

“Gleich und gleich gesellt sich gern” – Menschen suchen im Allgemeinen die Nähe zu Gleichgesinnten. Die rezenten Entwicklungen in der Medienwelt bewirken einerseits, dass sich Gruppen weniger von einander abschotten können und öfter mit anderen Werten und Lebenswelten konfrontiert werden. Andererseits kreieren soziale Netzwerke sogenannte Echo-Räume, Räume in denen Menschen immer nur ihre eigene Auffassung als Echo zurückbekommen und sich so in ihrer Meinung bestärkt fühlen.

Heute sind mehr Menschen online als je zuvor und doch hinken wir den Entwicklungen der digitalen Gesellschaft hinterher und fühlen uns oft verunsichert. Privatsphäre und Öffentlichkeit vermischen sich, postet jemand etwas als Privatperson oder in seiner öffentlichen Funktion? Welcher Quelle können wir trauen und woher bezieht diese ihre Informationen?

Sascha Lobo

Hassnachrichten dienen oft als Ventil; sie stellen einen Versuch dar, die eigene Hilfslosigkeit zu bewältigen. Der Verfasser findet Bestätigung in der Zustimmung durch die Gruppe. Hinzu kommt eine selektive Wahrnehmung und Verarbeitung von Informationen, die dann zum Aufbau von Echo-kammern und sektenhaften Gedankengebäuden führen kann. Logik spielt in diesen Fällen also nur noch eine untergeordnete Rollem, mit den Worten des Bloggers Sascha Lobo “Es fing damit an dass er zurückschlug”.

Wann die Grenze zwischen menschenverachtendem Gedankengut und hassgeführten Handlungen überschritten wird, ist schwer zu sagen (und noch nicht ausreichend erforscht). Es ist jedoch festzustellen, dass zum Beispiel die Hemmschwelle für Gewalt gegenüber von Flüchtlingen gesunken ist. Frauen, Juden, sogenannte “Gutmenschen” werden bedroht; Minderheiten ziehen sich aus der Öffentlichkeit zurück.

Die neuen Medien entziehen dem menschlichen Kontakt eine gewisse physische Unmittelbarkeit. Mitglieder von Minderheiten werden als Symbole wahrgenommen, der direkte Kontakt löst diese Illusion auf. Laut Bernd Harder, Forscher am GWUP, kann man mit der Hälfte der Verfasser von Hassnachrichten ins Gespräch kommen, 10% verstärken ihre radikalen Auffassungen dadurch noch. Trotzdem ist es wichtig falsche Informationen zu berichtigen und vor allem den vielen stillen Mitlesern zu zeigen, dass es auch andere Meinungen gibt. Falschinformationen sollten sachlich, aber bestimmt, richtig gestellt werden.

 

Catégories: gréng Blogs

D’Zukunft vum Archivage : Erausfuerderungen a Chancen

Claude Adam - 27 Février 2017

Table ronde avec Andreas Fickers (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, C2DH), Josée Kirps (Archives Nationales), Jean-Marie Ottelé (industrie.lu), Joëlle Weis (Université du Luxembourg) ainsi que d’autres invités.

Archiven si Muechtzentren : do gëtt schonn haut decidéiert, wéi eng Vergaangenheet eis an Zukunft zur Verfügung steet. Traditionell besteet hir Haaptfunktioun an der Konservéierung vun historeschen Dokumenter. Dat bedeit, datt d’Archiven decidéieren, wat versuergt a wat vernicht gëtt, an sou a gewëssem Mooss eis Geschichtsschreiwung beaflossen. An enger Zäit an där Transparenz grouss geschriwwe gëtt, kréien d’Archiven donieft och ëmmer méi d’Roll vun engem Service public. D’Roll vun den Archiven zu Lëtzebuerg huet sech an de leschte Jore weiderentwéckelt. Eng wichteg Ännerung an der Perceptioun vun den Archiven ass op d’Grënnung vun der Uni Lëtzebuerg zréckzeféieren. Doktoranden a Chercheuren, z. B. vum Institut fir zäitgenëssesch Geschicht, hunn no Quellen am Archiv gesicht an dobäi sou munch Lacunne siichtbar gemaach. An de leschte Jore goufen duerfir enorm Efforte gemaach fir dës ze behiewen.

Archive solle benotzt ginn, duerfir ass et wichteg en einfachen Zougang ze schafen an dem Bild vun den Archiven als helleg Plaz entgéint ze wierken. Et gëtt eng grouss Hemmschwell fir d’Benotze vun Archiven, wat mat Rituale verbonnen ass, déi een duerfir muss kennen. Ausserdeem funktionéiert en Archiv net ewéi eng Google-Sichmaschinn, wou een e Begrëff agëtt an innerhalb vu Sekonnen all méiglech Informatiounen ugewise kritt. Inventaire sinn néideg, fir (um Internet) trotzdem relativ schnell ze fanne wat ee sicht. E Phenomen dat am gaangen ass den Archivage grondleeënd ze veränneren ass d’Digitaliséierung. D’Digitaliséierung versprécht méi Notzerfrëndlechkeet a spillt och eng wichteg Roll an der Perceptioun vun Archiv als service public.

Den Zougang, accessibility, steet dobäi am Virdergrond a baut och e gewëssen Drock an Erwaardungen op. Wat a wéi vill soll digitaliséiert ginn ? Ass d’Zil fir 100% ze digitaliséieren? E plan stratégique deelt d’Prioritéit momentan Fongen zou, déi an engem schlechten Zoustand sinn oder vill consultéiert ginn. Eng ganz Rei Kritären, och Ressourcen, gi mateneen a Verbindung bruecht fir eng Decisioun zur Digitaliséierung vun engem Fong ze huelen. Eng weider Erausfuerderung vun Digitaliséierungsprozess ass, dat en digitaalt Dokument vill méi fragile ass, wéi alles wat et analog gëtt. D’Bedeitung vun de Quelle verännert sech : eng Quell gëtt am Archiv net méi zum Dokument, mee zur enger Donnée. D’Fro, wat en Original a wat eng Fälschung ass, ass elo vill méi schwéier ze beäntweren. D’Fro no der Integritéit vun Donnéeë réckelt an de Virdergrond, dëst verlaangt och nei Fähegkeete vu Studenten am Beräich vun der Archivéierung. Den internationale Standard ass bis haut d’Microfiche.

Dem Chercheur soll alles zur Verfügung stoen, mee d’Bestëmmungen zum Dateschutz mussen natierlech respektéiert ginn. D’Problematik vum Dateschutz ass besonnesch am Bezuch op d’Digitaliséierung méi komplex ginn: wiem gehéieren z. B. d’Droit d’auteurs vu Fotoen, déi an enger Fotothéik sinn, wou awer d’Original nach a privaten Hänn ass. En anere Volet ass, dat verschidde Quellen nëmmen un en Archiv weidergi ginn ënnert der Konditioun, dat d’Dokument nach net verëffentlecht gëtt (z. B. CNL). Och ze beuechte sinn d’Ënnerscheeder an der Legislatioun vun anere Länner, notamment den USA.

Ech sinn, wéi den Andreas Fickers vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, der Meenung, datt et net drëm geet, déi nei Technik an den Himmel ze luewen oder ze verdamen. D’Technik ass en Outil, et ass un eis, eis mat der Fro auserneenzesetzen, wéi mir domat ëmginn. En neit Gesetz iwwert den Archivage ass um Instanzewee. De Gemengen ass an dësem Gesetz fräigestallt wéi an ob si un den Archivage eruginn. Dat ass engersäits verständlech : vill Gemengen, besonnesch déi kleng, wieren iwwerfuerdert mat de strenge Kritäre fir den Archivage. Anerersäits gesäit et net all Gemeng t’selwecht noutwendeg a wichteg fir eng gutt Archivéierung ze maachen. Wien decidéiert, wat versuergt gëtt, a firwat? De Schäfferot? Dëst schéngt mir eng geféierlech Piste, well Muecht zu Muechtmëssbrauch verleede kann. Vill Gemenge wieren och frou, wann si wéisste wat a wéi si sollen archivéieren, wat versuergen, wat zerstéieren. D’Gemeng Réimech huet eng Konventioun mam Nationalarchiv, d’Gemeng Déifferdeng huet een diploméierten Archivar agestallt. D’autonomie communale ass fir mech hei net de richtegen Usaz. Et geet net drëm de Gemengen d’Liewe schwéier ze maachen, mee hinne bei dëser komplexer Missioun ze hëllefen.

(Gedanken zu de Beiträg um Forum „Des archives pour l’ère digitale. Défis et opportunités“ vum 11. Februar 2017)

 

 

Catégories: gréng Blogs

Lëtzebuerg weider entwéckelen

Christian Kmiotek - 30 Janvier 2017

vum Christian Kmiotek a Françoise Folmer

Zanter den 1990er Jorë goufe vill Chance verpasst, fir d‘Entwécklung vun eisem Land a Richtung Nohaltegkeet ze leeden. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eise Landschaften, ze wéineg Schutz vun eise Liewensgrondlagen Natur an Ëmwelt, awer och de Mangel u bezuelbare Wunnéngen. Mee déi Phänomener si keng Fatalitéit, an déi blo-rout-gréng Koalitioun schafft dorunner fir dat ze änneren.

De Staatsbudget fir 2017 gesäit en Defizit vun 1 Milliard vir, an dat aus guddem Gronn. Et ginn nämlech 2,5 Milliarden a Schoulen, an Infrastrukturen an an den ëffentlechen Transport investéiert; 2,5 Milliarden Euro, déi och eise Kanner a Kandskanner zegutt kommen. Dann ass et an eisen Aë méi wéi legitim, een Deel vun deem Invest iwwer e Prêt mat historësch niddregen Zënsen ze finanzéieren.

„Ëmweltschutz ass keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen.“

Iwwregens: Amplaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an op den Ausbau vun den erneierbaren Energiën fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Paräis z‘erreechen. Ëmweltschutz ass keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen. Fir eis Gréng muss Liewensqualitéit iwwer dem Wuesstem stoën.

„Lëtzebuerg muss sech anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg.“

Mir mussen eist Land esou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéieren eng gesond Wirtschaft an eng intakt Ëmwelt, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft mat Aarbecht fir jidfereen. Weder eis Economie nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt sinn dofir ze begrenzt.

Lëtzebuerg muss sech also anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg. Am Ament ass et wichteg, zesummen driwwer nozedenken, wéi mer Lëtzebuerg op déi wichteg nei Erausfuerderungen, op déi 3. Industriell Revolutioun virbereeden. Mir mussen zu Lëtzebuerg elo all eis Kräften drop bündelen, fir ze kucke wéi mer un der Spëtzt vun den neien Entwécklunge stoë kënnen.

„Kohärent Visiounen a konkret Léisungsvirschléi“

Mir Gréng wëlle Lëtzebuerg och an de Gemenge weider entwéckelen. D’Zukunftsdebatt, déi d’Regierung ugestouss huet, muss och an de Gemenge gefouert gin. Well d‘Gemenge si wichteg Acteuren, ënner aanerem wann et ëm d’Gestaltung an d’Entwécklung vun hirem eegenen Territoire, an ëm d’Liewensqualitéit vun hire Bierger geet. A grad an de Gemengen ass et méiglech, no bei de Bierger a mat de Leit Politik ze maachen.

An den nächste Méint organiséiere mir Gréng mat eise Ministeren a Deputéierten an de Gemengen eng ganz Rei Konferenz- an Diskussiounsowenter. Dobäi wëlle mir de Leit nolauschteren, hinnen eis kohärent Visiounen a konkret Léisungsvirschléi virstellen a mat hinnen doriwer debattéieren. Mir freeën eis op dës Echangen, an op de Rendez-Vous mat de Wielerinnen a Wieler am Oktober 2017.

Christian Kmiotek a Françoise Folmer


Catégories: gréng Blogs

2017 – méng gréng Neijoërsried

Christian Kmiotek - 24 Janvier 2017

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen, Léif politësch Mandatären, Léif Vertrieder vun de Medien,

Ech wënschen Iech zesumme mat ménger Co-Präsidentin Françoise Folmer am Numm vun der grénger Partei all Gutts fir 2017.

2016 war intellektuell e ganz bemierkenswert Joër: Mer hunn all een neie Begrëff geléiert, „post-truth politics“, de postfaktëschen Zäitalter huet sech politësch duerchgesat, an deen almoudësche Wert „Wourecht“ ass an de soziale Medien kuurzerhand digital geschreddert ginn. Esouguer de Kleeschen huet missen dru gleewen!

2016 war och demoskopësch a politësch e ganz bemierkenswert Joër: Regionalwalen an Däitschland, e Referendum a Groussbritannien an eng Präsidentewiel an den USA ware fir zolitt Iwwerraschunge gutt.

„Mir gréng fillen eis wuel an dëser Koalitioun“

Wann ech op dat nationalpolitëscht 2016 zeréckkucken, da stellen ech fest, datt déi blo-roud-gréng Koalitioun hir Vitesse de Croisière bei de néidege Reformen an de noutwennege Verbesserungen ouni Problem weider hält. De Koalitiounsaccord gëtt systematesch ofgehakt an och fir nei Problemer, déi stënterlech opdauche gi sënnvoll  a realistéisch Léisunge fonnt an ëmgesat. Loosst mech et ganz pauschal op de Punkt bréngen: Mir gréng fillen eis wuel an dëser Koalitioun !

Der Oppositioun bleiwt dacks de Mond opstoën. Déi gréisst Oppositiounspartei ass esou duerch de Wand, datt se déi steierlech Regelungen – oder soll ech soë Rulingen ? – déi se selwer erfonnt huet, ewell als Däiwelswierk verdaamt. Vill méi ass hir zur Steierreform net agefall; a fir Lëtzebuerg am Ganzen huet se och kee Plang.

D’Dräierkoalitioun mécht därweil d’Land fit fir d’Zukunft. D’Feeler aus de läschte Joërzéngte gi weiderhinn opgeschafft an d’Weiche ginn nei gestalt.

Jo, de Staatsbudget 2017 gesäit en Defizit vunn 1 Milliard vir, an dat aus guddem Gronn. Et ginn nämlech 2,5 Milliarden a Schoulen, an Infrastrukturen an an den ëffentlechen Transport investéiert; 2,5 Milliarden Euro, déi och eise Kanner a Kandskanner zegutt kommen. Dann ass et a méngen Aë méi wéi legitim, een Deel vun deem Invest iwwer e Prêt mat historësch niddregen Zënsen ze finanzéieren.

Iwwregens: Amplaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an op den Ausbau vun erneierbaren Energiën fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Paräis z‘erreechen.

„Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen“

Ech bedaueren, datt am Claude Wiseler séngem „Plang fir Lëtzebuerg“ keng eenzeg Ausso ze fannen ass zu Sujetë wéi Klima- an Ëmweltschutz, erneierbar Energien, dem Tram, Car-sharing oder der Eisebunn … . Dat ass schued, well Ëmweltschutz ass jo keng Spënnerei a keen Nischenthema. Ëmweltschutz ass dofir do, fir d’Liewensqualitéit vum Mënsch z’erhalen. Dorunner schaffen eis gréng Regierungsmëmberen an Deputéiert, eis gréng Buurgermeeschtere, Schäffen a Gemengeréit vu mueres fréi bis owes spéit. Weider esou, léif gréng Kolleginnen a Kollegen!

„Mir gréng si gläichzäiteg innovativ an awer och konservativ“

Mir gréng si jo eigentlech ganz komësch Modeller, beim Auto géif ee soë, mir wären Hybriden. Mir gréng si gläichzäiteg innovativ an awer och konservativ. Innovativ sécherlech wat d’Gesellschaftspolitik ugeet an awer och andeems mir konstruktiv Léisunge fir komplex Problemer proposéieren. Konservativ, an deem Sënn datt mer wëllen erhalen: d’Schéinheet vun eiser Ëmwelt, d’Intaktheet vun der Natur, d’Liewensqualitéit vun de Leit.

Deemno gesi mir gréng de Wuesstum als alleréischt emol mat engem kritëschen A. Well zanter dem Enn vun den 1990er Jorë goufe vill Chance verpasst fir d‘Entwécklung vun eisem Land a Richtung Nohaltegkeet ze leeden. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eise Landschaften, ze wéineg Schutz vun eise Liewensgrondlagen Natur an Ëmwelt, awer och de Mangel u bezuelbare Wunnéngen. Mee déi Phänomener si keng Fatalitéit, an déi blo-rout-gréng Koalitioun schafft dorunner fir dat ze änneren.

„Lëtzebuerg muss sech anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg“

Fir eis gréng muss Liewensqualitéit iwwer dem Wuesstem stoën. Mir mussen eist Land esou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéieren eng gesond Wirtschaft an eng intakt Ëmwelt, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft mat Aarbecht fir jidfereen. Weder eis Economie nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt sinn dofir ze begrenzt. Lëtzebuerg muss sech also anescht entwéckelen: méi intelligent, besser cibléiert a méi nohalteg. Dass dat méiglech ass, weist d‘ Regierungs- a Chamberaarbecht, awer och de gréngen Asaz um kommunalen Terrain.

Léif gréng Kolleginnen a Kollegen, ech denken dir sidd mat mir d’accord: Mir sinn houfreg, datt mer eis gréng Positiounen, iwwer déi virun 10 oder 5 Joër nach voller Matleed geschmunzelt gouf, datt mer déi haut kënne mat manner Widderstand duerchsetzen. Ech gräifen als Beispill den Tanktourismus eraus. D’Etude iwwer déi direkt an indirekt –  positiv an negativ – Auswierkunge vum Tanktourismus ass an der Gesellschaft mat engem: „Dat do hu mer eis jo schonn ëmmer geduecht, an elo hu mer et schwaarz op wäiss“ quittéiert ginn.

Viru Joëre wäre mer zerrappt ginn, fir déi Fakten, déi mer op den Dësch geluecht hunn, an et wär probéiert ginn, all eenzel Zuel ze relativéieren. Haut ass eis Gemeinschaft méi wäit a mir verstinn, datt Alles, wat mer hei zu Lëtzebuerg maachen och Repercussiounen op anere Plaze an Europa an an der Welt huet.

„All eis Kräfte bündelen, fir un der Spëtzt vun den neien Entwécklungen ze stoën“

Mir gréng freeën eis, datt eis Gesellschaft ewell esou räif ass, ze soën: „Komm mer klammen aus deem Auslafmodell Tanktourismus – oder och nach aus de kuerzfristege Steiernischen – eraus, a mir denken zesummen driwwer no, wéi mer Lëtzebuerg op déi wichteg nei Erausfuerderungen, op déi 3. Industriell Revolutioun virbereeden!“.

Mir mussen zu Lëtzebuerg elo all eis Kräften drop bündelen, fir ze kucke wéi mer un der Spëtzt vun den neien Entwécklunge stoë kënnen.

  • Da maache mer eist Land topfit fir d’Zukunft. Dann ass 100% Elektromobilitéit bis 2030 keng gréng Utopie, mee en enorme Gewënn u Loftqualitéit an u Gesondheet an domadder Liewensqualitéit fir eist Ländchen a séng Leit.
  • Da sinn 100% erneierbar Energien am Joer 2050 keng gréng Spënnerei, mee dat konsequent Lasskoppele vun enger onnëtzer a geféierlecher Energieofhängegkeet vun Ueleg an Atom, fir nëmmen ee vu ville Virdeeler ze nennen.
  • Dann ass d‘Nohaltegkeetszil 100% Biolandwirtschaft méi wéi eng gréng Visioun, et ass de Wee zu gesonder Liewensmëttelproduktioun an dem Erhale vun der Landwirtschaft an eise Regiounen.
  • An dann ass och d’Zil, an 3 Joër op 30% Bioliewensmëttel an eise Kantinnen ze sinn, keen Dram, mä et bedeit e Qualitéitssprong fir d’Konsumenten, e Gewënn fir d’Produzenten a sécher Aarbechtsplazen heiheem.

Dat si fir eis e puer Kärpunkte vu grénger Politik a sënnvoll an néideg Moossnahme fir eist Land. Esou assuréiere mer heideg an zukünfteg Liewensqualitéit, all dëst bedeit fir jidfereen e « Besser liewen ». Gutt 3 Joër hunn elo schonn eis gréng Regierungsmëmberen an Deputéiert mat Fläiss an Engagement dorunner geschafft, a si maache weider esou bis déi lescht Sekonn vun dëser Legislaturperiod, onopgeregt a kompetent.


Catégories: gréng Blogs

Lëtzebuerg weider denken

Claude Adam - 12 Janvier 2017

Et ass héich Zäit fir iwwert d’Zukunft vun eisem Land ze diskutéieren. Dësen Hierscht hunn d’Debatt iwwert déi zukünfteg Landesplanung an d’Virstellung vun der Rifkin Strategie dozou bäigedroen dëse Steen an d’Rullen ze bréngen.

Säit dem Enn vun den 1990er Jore gouf sou munesch Chance verpasst fir de Wuesstem vun eisem Land an eng nohalteg Richtung ze dirigéieren. D’Konsequenzen dovu sinn den deegleche Stau op eise Stroossen, d’Zersiidlung vun eiser Landschaft an e mangelnde Schutz vu Natur an Ëmwelt.

Fir déi gréng steet Liewensqualitéit virum Wuesstem. Dës Iwwerzeegung kënne mir zanter 2013 an eis Politik als Regierungsmember afléisse loossen. Am Plaz weider haaptsächlech an de Stroossebau, fléissen haut 2/3 vun eisen Transport-Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechem Transport. Ab Januar trieden och nei Fërdermoossnahme fir elektresch Autoen a Vëloen, souwéi eng Ëmwelt-Besteierung fir Déngschtween a Kraaft.

Mir setzen op eng nohalteg Landesplanung, fir eng Bebauung déi d’Besoine vun de Leit, der Wirtschaft an der Natur an Uecht hëlt. An deem Sënn wëll de Nohaltegkeetsministère verbindlech Regele fir d’Landesplanung definéieren. Eis ass et wichteg Natur an Ëmwelt ze schützen, zum Beispill duerch Regele fir de Schutz vun eisen Drénkwaasser-Quellen, déi agefouert goufen. Mir setzen ausserdeem op eng Reduktioun vum Tanktourismus an den Ausbau vun erneierbaren Energie fir d’Ziler vum Klimaaccord vu Kyoto ze erreechen.

Mir mussen eist Land sou weiderentwéckelen, datt mir och eise Kanner an Enkelen eng héich Liewensqualitéit erméigleche kënnen. Dozou gehéiert an eisen Aen eng intakt Ëmwelt, eng gesond Wirtschaft, e staarke Sozialstaat an eng gerecht Gesellschaft. Weder eise Wirtschafts- nach eise Sozialmodell kënnen éiweg op maximale Wuesstem setzen. Eis Landfläch, eis Ressourcen an och d’Belaaschtbarkeet vun eiser Ëmwelt si begrenzt. Lëtzebuerg muss also anescht wuessen: manner mä dofir méi intelligent, méi geziilt a méi nohalteg.

Anescht wuessen heescht och anescht plangen. Mat der Rifkin-Strategie an der Debatt ronderëm d’Landesplanung leien nei Visiounen a konkret Ziler um Dësch. Elo gëllt et, de Wee dohin ze skizzéieren an un der Ëmsetzung ze schaffen. D’Wuel vum Land läit am Interessi vun eis all an däerf weder parteipolitesche Kämpf, nach enger populistescher Angschtdebatt zum Affer falen. déi gréng sinn iwwerzeegt, dass sech iwwer d’Politik eraus esou vill Mënschen ewéi méiglech un der Zukunftsdebatt bedeelege mussen. Nëmmen esou léisst sech eng staark gemeinsam Visioun entwéckelen an eng positiv Dynamik fir d’nohalteg Entwécklung vun eisem Land opbauen. Och d’Gewerkschaften, d’Patronat, d’Ëmweltorganisatiounen hunn eng zentral Roll an dësem Prozess ze spillen.

Lëtzebuerg brauch sech net nei ze erfannen. Eist Land an eis Käpp hu vill Potenzial Opweises, dat et ze notzen an entfale gëtt. déi gréng wäerten d’Zukunftspläng, déi um Dësch leien, elo oppen a kontrovers mat all den Acteuren a virun allem mat all de Mënschen op der Plaz diskutéieren. Vu Februar un wäerte mer am ganze Land mat Informatiouns- an Diskussiounsowender ënnerwee sinn, d’Gespréich mat méiglechst ville Biergerinnen a Bierger sichen an eis mat hire Virschléi a Kritiken ausernee setzen.

Eist Zil ass et fir Lëtzebuerg souwuel um ökologeschen, wéi och um wirtschaftlechem an um soziale Plang an zukunftsfäeg Bunnen ze steieren. Dëst mat enger onopgereegter a zukunftsgeriichter Politik, mat dem néidege Courage, a fir d’Wuel vun der Allgemengheet.

Catégories: gréng Blogs

Lëtzebuerg weider denken

Christian Kmiotek - 20 December 2016

En ongeplangte Wuestum huet eist Land iwwer déi lescht 20 Joër massiv verännert. D’Politik hat et verpasst, d’Erausfuerderungen unzegoën a Lëtzebuerg a Richtung Nohaltegkeet z’entwéckelen. Eréischt mat dem Regierungswiessel virun 3 Joër koum en Ëmsteieren: endlech gëtt eng ressortiwwergräifend an zielgeriicht Zukunftsgestaltung bedriwwen.

„Et muss Schluss si mat wëllem Wuestum.“

Dëst verantwortungsvollt Virgoë weist sech an der aktueller Zukunftsdebatt ronderëm d’Landesplanung, ronderëm de Rifkin-Rapport a ronderëm d’Etude iwwer den Tanktourismus. D’Weiderentwécklung vum Land a vun eisem Wirtschaftmodell muss zesumme mat den Akteuren aus der Zivilgesellschaft awer och mat de Biergerinnen a Bierger direkt geschitt. Esou gëtt déi zukünfteg Entwécklung breed gedroën an et gëtt kee lénks leie gelooss.

D’Zäit leeft dervunn, wann et drëms geet, alles dat riicht ze béien, wat bis elo ökologësch, ökonomësch a sozial schief gelaf ass. En plus sti nei Erausfuerderungen un: d’UNO-Zieler fir nohaltëg Entwécklung; d’Klimaschutzzieler, déi Lëtzebuerg erreeche muss; déi ökonomësch a gesellschaftlech Verännerungen, déi op eis duer kommen duerch ëmmer méi Digitaliséierung; d’Revolutioun vun der Elektromobilitéit; a gewësse Steierrevenuën déi ewechbrieche, wéi beim E-Commerce oder beim Tanktourismus.

„De Ressourceverbrauch an de Wuestum musse vunenee lassgekoppelt ginn.“

Grad d’Tanktourismus-Etude weist, datt den aktuelle Lëtzebuerger Modell rieseg direkt an indirekt Käschte no sech zitt. Dofir muss Schluss si mat wëllem Wuestum. Dofir musse no an no de Ressourceverbrauch an de Wuestum vunenee lassgekoppelt ginn. Ech si frou, datt déi aktuell Regierung mat grénger Bedeelegung och schonn déi éischt Weiche gestallt huet, datt déi éischt Schrëtt schonn an Ugrëff geholl goufe, Lëtzebuerg a Richtung Nohaltegkeet z’entwéckelen an doduerch prett fir d’Zukunft ze maachen.

De Rifkin-Rapport bestätegt iwwregens och déi gréng Visioune, wéi zum Beispill d‘Ëmschalten op 100% erneierbar Energien, d’Bio-Landwirtschaft als Virbild, den Asaz vu gréngen Technologien, d’Entwéckele vun innovative Forme vu Mobilitéit an hier Vernetzung.

„Eng ökologësch Moderniséierung vun eisem Land, eng propper Ëmwelt an eng beschtméiglech Gesondheet a Liewensqualitéit vun alle Leit.“

Fir mech ass de Wuesstum keen eegestännegt Ziel.

Als Zieler gesinn ech eng ökologësch Moderniséierung vun eisem Land, eng propper Ëmwelt an eng beschtméiglech Gesondheet a Liewensqualitéit vun alle Leit déi hei wunnen a schaffen. Iwwregens séchere mer heimatt automatësch och de Lëtzebuerger Wirtschaftsstanduert an eise Sozialmodell.


Catégories: gréng Blogs

Lebensqualität vor Wachstum

Christian Kmiotek - 16 December 2016

Ein planloses und ungezügeltes Wachstum hat unser Land über die letzten 20 Jahre gravierend verändert. Statt regulierend einzugreifen, blendete die Politik die wachsenden Probleme allerdings des Öfteren aus. So wurde verpasst, Luxemburg in Richtung nachhaltige Zukunft zu entwickeln. Seit dem Regierungswechsel vor drei Jahren ist der Kurswechsel unverkennbar. Nun wird endlich eine verantwortungsvolle, ressortübergreifende und zielgerichtete Zukunftsgestaltung in Angriff genommen.

Mit der von der Regierung und dem Nachhaltigkeitsministerium gestarteten Zukunftsdebatte rund um die konkreten Vorschläge zur künftigen Landesplanung, den chiffrierten Zielen der Rifkin-Strategie und der Tanktourismus-Studie, ist die Debatte über die Weiterentwicklung unseres Landes und unseres Wirtschaftsmodells lanciert. Die genaue Ausrichtung wird dabei partizipativ mit den Bürgerinnen und Bürgern und mit der organisierten Zivilgesellschaft (Arbeitgeberverbände, Gewerkschaften, Umweltorganisationen, Transition-Bewegung, …) diskutiert.

Die partizipative Dynamik stellt sicher, dass die zukünftige Entwicklung möglichst breit getragen wird und niemand auf der Strecke bleibt. Getreu der grünen Devise „Global denken, lokal handeln“ werden auch die Gemeindewahlen im Oktober 2017 eine wichtige Diskussions- und Entscheidungsplattform bilden.

Die Zeit drängt, um die angehäuften Versäumnisse sowohl auf ökologischer, als auch auf wirtschaftlicher und sozialer Ebene zu beheben. Gleichzeitig stehen neue Herausforderungen vor der Tür: Luxemburgs Klimaschutzziele, die weltweiten nachhaltigen Entwicklungsziele, wirtschaftliche und gesellschaftliche Veränderungen durch die zunehmende Digitalisierung, die Revolution der Elektromobilität, schnell oder schrittweise wegbrechende Steuereinkommen wie beim E-Commerce oder beim Tanktourismus.

Das bisherige „Luxemburger Modell“ verursacht – wie u.a. erst kürzlich durch die Tanktourismus-Studie belegt – riesige direkte, indirekte und externe Kosten. Deshalb muss Schluss sein mit dem ungezügelten Wachstum. Wir brauchen ein neues, nachhaltiges Entwicklungsmodell für Luxemburg und die ersten Weichen sind auch bereits gestellt, die ersten Schritte gemacht.

Der Rifkin-Bericht bestätigt uns Grüne in unserer Überzeugung, dass die einzig richtige Entwicklung für Luxemburg eine nachhaltige Entwicklung ist. Er bestätigt auch viele unserer langjährigen Forderungen, wie zum Beispiel das konsequente Umschalten auf erneuerbare Energien, die Förderung der Biolandwirtschaft als Leitbild, den verstärkten Rückgriff auf grüne Technologien, die Förderung von neuen Fortbewegungsmodi und die Vernetzung der Mobilitätsangebote. Etliche Pisten aus dem Rifkin-Bericht sind auch bereits in der Umsetzung.

Für déi gréng ist Wachstum kein Ziel an sich. Vielmehr sind die Ziele eine ökologische Modernisierung unseres Landes, eine saubere Umwelt und eine bestmögliche Lebensqualität und Gesundheit der Menschen die hier wohnen und arbeiten. Dadurch sichern wir automatisch auch den luxemburgischen Wirtschaftsstandort und unser Sozialmodell.

Seit 3 Jahren sind déi gréng auf Regierungsebene aktiv um mit vielen kleinen Schritten die Fehler der Vergangenheit sowohl auf ökologischer, als auch auf wirtschaftlicher und sozialer Ebene zu beheben und unser kleines Land in zukunftsfähige Bahnen zu lenken. Zentrale Voraussetzung dafür ist die kontinuierliche Entkoppelung von Wachstum und Ressourcenverbrauch (u.a. Dekarbonisierung) und die ist bereits messbar. Diese Entwicklung gilt es nun langfristig zu stärken.

(Erstpublikation in „Lëtzebuerger Land“ 16.12.2016)


Catégories: gréng Blogs

PISA 2015 – näischt Neies

Claude Adam - 07 December 2016

PISA 2015 bestätegt dat, wat mer aus allen PISA Etude virdru scho kennen:

  • – Eis Schüler schneiden am internationale Verglach éischter schlecht of. Mir leien ëmmer ënnert der OECD-Moyenne.
  • – Eise Schoulsystem léisst grouss Ecarten bei de Schüler zou. Dës Ënnerscheeder erklären sech duerch den Migratiounshannergrond an/oder de sozio-ekonomesche Milieu. (Erklären heescht net entschëllegen.)
  • – Eis Resultater sinn konstant. Si sinn net besser ginn, awer och net méi schlecht.

PISA 2018 wäert wahrscheinlech net vill aner Resultater liwweren. Sollte mer vläicht einfach ophalen, dës Tester an eise Schoulen duerchzeféieren? De PISA Test muss kritesch gekuckt ginn, do sinn ech ganz d’accord. Virun allem de Ranking werft en ongerecht Liicht op d’Situatioun zu Lëtzebuerg: Eis Sproochesituatioun an eis Populatioun sinn esou komplex wéi a kengem anere Land!

Trotzdem sollte mer eis net vun dësem Evaluatiounsprozess lasskoppelen, mee einfach léieren, mat de PISA-Donneeën richteg ëmzegoen. Mir kréien awer eng Rei Donneeën, déi interessant sinn, a mir hunn –och dank PISA, eng gewëss Exzellenz am Monitoring opgebaut. De Ranking ass do éischter niewesächlech. Am Lännervergläich ass eis Schülerpopulatioun nach ëmmer ganz aussergewéinlech. Et ass schonn e Succès, datt mir et fäerdegbréngen, eis Leeschtungen ze halen, obschonn eis Schülerpopulatioun sech an de leschte Joren vill gewandelt huet.

Wann een op Ballungszentren an Europa kuckt, da stellt ee fest, datt an aneren europäeschen Groussstied d’Situatioun der vun Lëtzebuerg gläicht. Zu Berlin, zu Wien, zu Bréissel,… si bal esou vill Schüler mat Migratiounshannergrond ewéi zu Lëtzebuerg. Och bei hinnen ass d’sproochlech Situatioun komplex. Och duerfir ass et wichteg, bei internationale Studien matzemaachen. Di kruzial Fro ass a bleift déi vun eise Sproochenexigenzen. Hei hoffen ech op wäertvoll Erkenntnisser aus der neier ëffentlecher internationaler Schoul zu Déifferdeng. Wa mer all Efforten méi flexibel mat eisem „apprentissage des langues“ ëmzegoen ofleenen, well mer fäerten, da géing den Niveau erof goen, da leie mer ganz einfach falsch, a riskéieren eis Schüler ze benodeelegen.

 

Catégories: gréng Blogs

gréng Blogs