Héinischt - Rettung a leschter Sekonn

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Communes
Auteurs : 
Adam Claude, Anzia Gérard

Publié le

Uschléissend un d'Drénglechkeetsfro vun de gréngen Deputéierte Gérard Anzia a Claude Adam konnt den Ofrëss vun den historeschen Haiser vun Héinischt bei Klierf awer nach gestoppt ginn. Dozou de Gérard Anzia:

"Et freet mech, datt déi seelen Ardennerhaiser elo quasi an der leschter Sekonn awer nach konnte gerett ginn. Doriwwer eraus ass dëst e ganz flott Beispill, datt sech de lokale politeschen Engagement an de Gemenge lount, an dësem Fall vun eisem Klierfer Conseiller Jacquot Junk, duerch deem säin Engagement um Terrain nach mat Zäit konnt agegraff ginn."

Link: Question parlementaire urgente

gréng Blogs