Girls’ Day – Boys’ Day an der grénger Fraktioun

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Emploi et Travail, Enfance et Jeunesse, Femmes
Auteurs : 
déi gréng

Publié le

Wéi all Joer huet déi gréng Fraktioun och 2017 erëm beim Girls' Day – Boys' Day matgemaach.

12 Schüler_innen aus verschiddene Lycéeë waren dofir d'lescht Woch bei eis op Besuch. Si kruten Explikatiounen zu der politescher Aarbecht vun de Fraktiounsmataarbechter_innen a konnten eisen Deputéierten (Claude Adam, Gérard Anzia a Josée Lorsché) Froen zu hire politesche Carrièrë stellen. Nom Mëttegiesse mam Carole Dieschbourg a mat deene jonke grénge stoung ausserdeem eng Visite vun der Chamber um Programm.

Mir hunn dësen Dag genoss a freeën eis schonns drop, fir och d’nächst Joer um Girls’ Day – Boys’ Day deelzehuelen. Méi Informatioune fannt Dir op www.girls-day.lu

 

gréng Blogs