Entrevue mat Vertrieder vun der Association des Agents Pénitentiaires

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Justice
Auteurs : 
Loschetter Viviane

Publié le

Direkt zum Joresufank huet ons Fraktiounspresidentin Viviane Loschetter dräi Vertrieder vun der Association des Agents Pénitentiaires fir en Austausch empfaang

Dëst am Zesummenhang mat de Reforme vum Strofvollzug sou wéi der Administration pénitentiaire, déi allebéid an der Commission juridique vun der Chamber diskutéiert ginn.

Mat der Reform vum Prisongswiesen soll eng aner Philosophie an eis Prisongen anzéien. D’Rehabilitatioun vun de Verurteelten soll duerch eng perséinlech Betreiung a Form vun engem Plan volontaire d’insertion besser gefërdert ginn. Och déi medezinesch a psychologesch Betreiung soll verbessert ginn, ënner anerem duerch d’Implantatioun vun enger Unité de psychiatrie socio-judiciaire direkt zu Schrasseg.

Am Mëttelpunkt vun den Diskussioune mat der Delegatioun vun der Association des Agents Pénitentiaires, déi d’Reform generell begréisst, stoung ënnert anerem d’Verbesserung vun der Initialformatioun wéi och der Formation continue vun de Prisongsgardienen, su wéi Méiglechkeeten fir d’Carrière vum Gardien méi flexibel ze gestalten. En aneren Défi ass et, en Engpass beim Recrutement ze vermeiden wann 2022 de Prisong fir Untersuchungshäftlingen opgeet. Weider Sujeten waren déi zukünfteg Organisatioun vum Gefaangenentransport an d’Sécherheet am Prisong.

v.l.n.r.: Michel Block, Pascal Wohl, Viviane Loschetter, Michel Koepp

gréng Blogs