Entrevue mat ITGL

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Justice, Société
Auteurs : 
déi gréng, Lorsché Josée

Publié le

Intersex an Transgender Lëtzebuerg (ITGL) war dës Woch op Besuch an der grénger Fraktioun.

Kierzlech hunn eis Deputéierte Josée Lorsché an eis Parteipresidentin Françoise Folmer eng Delegatioun vun ITGL (Intersex Transgender Lëtzebuerg) emfaang. Zur Diskussioun stoung e wichtege Gesetzesprojet, deen de grénge Justizminister Félix Braz am Mee 2017 offiziell virgestallt hat. Zil vum „projet de loi relative à la modification de la mention du sexe et du ou des prénoms à l'état civil et portant modification du Code civil" ass eng Vereinfachung vun de Prozedure fir Mënschen, déi hiert Geschlecht an hire Virnumm offiziell wëllen änneren.

 

Hautdesdaags ass des Ännerung mat groussem administrativen Opwand verbonnen. Nieft engem medezineschen Attest ass och e psychiatreschen Avis eng Konditioun fir eng offiziell Ännerung vum Geschlecht. Mam neie Gesetz wäert dës laang juristesch Prozedur duerch eng einfach a schnell administrativ Demarche beim Justizministère ersat ginn. Ee chirurgeschen Agrëff wäert net méi obligatoresch sinn an d'Selbstbestëmmungsrecht vun Transgender an Intersex Persoune wäert endlech respektéiert ginn. ITGL an déi gréng begréissen dëse Projet de loi, deen och explizit de Rechter vun Trans' an Intersex Kanner a Jugendleche Rechnung dréit. D'Vertriedung vun ITGL erhofft sech, datt en an der Chamber op eng breet Zoustëmmung stéisst.

Méi Informatiounen zu der Aarbecht vun ITGL fannt Dir hei.

Dem Félix Braz säi Gesetzprojet fannt Dir hei.
 

 

gréng Blogs