Publié le
De President an d'Direktesch vu Fair Trade, de Jean-Louis Zeien an d'Geneviève Krol, waren dës Woch an der grénger Fraktioun.
Zesumme mat eisen Deputéierte Claude Adam, Henri Kox a Josée Lorsché hu si iwwert de Projet de Loi geschwat, deen d'Marchés Publics nei soll regelen. Dobäi handelt et sech em d'Ëmsetzung vun zwou EU Direktiven. Zil ass, déi ëffentlech Ausschreiwungen un nohalteg a sozial Kritäre kënnen ze bannen an donieft och der Qualitéit an der Innovatioun méi Gewiicht ze ginn. Beim Gespréich goung et virun allem drëms, wéi d'Ausschreiwungen an d'Akafspolitik vun eise Ministèren, Verwaltungen a Gemengen op des Kritären hi kënne kontrolléiert ginn. Léisungsusätz, déi sech beim Gespréich erausgeschielt hunn, waren ënner anerem d'Sensibiliséierung a Formatioune vun deene Responsabelen sou wéi eng verständlech Kategoriséierung a Bewäertung vu verschiddene Qualitéitslabelen.

