Entrevue mat dem SEW

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Education et Enseignement
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

Dës Woch war eng Delegatioun vum Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft (SEW) vum OGBL an der grénger Fraktioun.

Den Arnaud Bourgain an de Frédéric Krier vum SEW waren dës Woch an der grénger Fraktioun fir sech mat eisem Deputéierte Claude Adam iwwert dat neit Universitéitsgesetz auszetauschen. An enger interessanter Diskussioun goung et ënner anerem ëm Theme wéi de Conseil de gouvernance an déi intern Organisatioun vun der Uni, d'Evaluatioun vun de Mataarbechter*Inne vun der Uni, an och d'Propriété interlectuelle. De Projet de loi vum neien Universitéitsgesetz ass momentan um Instanzewee.

 

gréng Blogs