Entrevue mam OGBL

Catégories : 
Actualité
Auteurs : 
déi gréng

Publié le

Viru kuerzem hu sech Vertrieder vun der grénger Fraktioun, der Parteispëtzt a gréng Regierungsmemberen mam Exekutivbüro vum OGBL fir en Austausch getraff

Béid Säite sinn zefridde mat der Art a Weis, wéi den Dialog tëscht de Gewerkschaften an der Regierung sech an deene läschte Joer entwéckelt huet. Ugeschwat gouf eng ganz breed Palett vun Themen, wéi den Zukunftspak, d’Steierreform, d’Entwécklung vum Mindestloun oder och nach de Pensiounssystem. Déi gréng Vertrieder an der Ronn hunn de Gewerkschaftler hir Doléancen mat op de Wee geholl an hinnen hirersäits och e puer Denkustéiss fir e méi nohaltegen Zukunftsmodell fir eist Land mat op de Wee ginn.

gréng Blogs