Entrevue mam Daouda Diouf vun Enda Santé

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Affaires étrangères
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

De Claude Adam huet sech mam Daouda Diouf iwwer d'Kooperatioun mam Senegal ausgetosch

Am Kader vun den Assises de la Coopération, war dës Woch ee Representant vun der ONG Enda Santé aus dem Senegal zu Lëtzebuerg. De Claude Adam hat ee ganz produktiven Austausch mam Här Diouf, deen déi Lëtzebuerger Kooperatiouns-Aarbecht héich schätzt.

Mat der Initiative 90-90-90, schafft Enda Santé mat deene Gruppe vun der Populatioun, déi am vulnerabelsten an am heefegsten diskriminéiert sinn, an et schwéier hunn, adequat medezinesch versuergt ze ginn. Déi laangjäreg Kooperatioun mat Lëtzebuerg erméiglecht et der ONG, effikass Programmer op d'Been ze stellen, déi de Mënsche laangfristeg hëllefen. Als besonnesch positiven Aspekt empfënnt den Daouda Diouf de frëndschaftlechen Austausch zwëschen den zwee Länner deen duerch déi sëlleche Stagen an Openthalter vu jonke Lëtzebuerger am Senegal hiergestallt gëtt.

gréng Blogs