Entrevue: Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Emploi et Travail
Auteurs : 
Anzia Gérard

Publié le

Eisen Deputéierten Gérard Anzia huet sech de leschten Dënschden mat Vertrieder vun der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers getraff, fir iwwer de Gesetzesprojet 7086 ze diskutéieren, deen eng Partie Adaptatiounen vum Code du Travail viergesäit.

Méi am Detail gung et dobäi em déi geplangten Ännerungen vun der Lohnfortzahlung am Krankheetsfall. Di aktuell Regelungen ginn zeréck op d’Aféiere vum Statut unique am Joer 2009 a sollen elo am Sënn vum Salarié ugepasst ginn.

Konkret goufen verschidde Strategien diskutéiert, fir den administrativen Opwand vun dëser Reform ze minimiséieren a verschidde Schwaachpunkte vum Text ze verbesseren. Deenen zwou Beruffskummere geet et an éischter Linn dorëms, herno en einfach applizéierbaren Text ze hunn a juristesch Onkloerheeten ze vermeiden.

Wien sech fir Froen vum Aarbechtsrecht interesséiert, kann hei de ganzen Dossier noliesen.

gréng Blogs