Dräi Froen un de Claude Adam zur aussepolitescher Debatt

Catégories : 
Actualité
Thèmes : 
Affaires étrangères, Démocratie, Etat, Institutions, Europe
Auteurs : 
Adam Claude

Publié le

Claude, ee vun den Haaptakzenter vun Denger aussepolitescher Ried vu gëschter war d'Zukunft vun der EU. Firwat?

Claude Adam: De 25. Mäerz feiere mir de 60. Anniversaire vun den Traités de Rome, a vill Leit stellen eng gewëss Europamiddegkeet bei sech selwer fest. Dëst beweise souwuel de Brexit wéi och déi anti-europäesch Stëmmen, déi op ville Plazen ëmmer méi haart ginn. Jo, Europa ass net perfekt. An awer kënne mir a West-Europa op 75 Joer Fridden zeréckblécken. D'EU garantéiert héich Standarde beim Ëmweltschutz, stabil an staark Institutiounen an eng Garantie dofir datt d’Mënscherechter respektéiert ginn. Mir mussen dofir iwwert d'Zukunft vun der EU schwätzen, an eis och bewosst ginn, wat manner Europa géif heeschen: Méi Grenzen, méi Afloss vu Lobbyen, manner Natur- a Klimaschutz, asw. Dank dem europäesche Projet huet sech an dëse Beräicher villes zum Positivem entwéckelt. Op dësem 60. Anniversaire musse mir dofir eis europäesch Wäerter méi ewéi jee ervirsträichen.

Du bass dann och op d'Roll vun der Politik an Diskussiounen iwwert d'Zukunft vun der EU agaangen.

Claude Adam: Villes, wat laang Jore fir eis selbstverständlech war gëtt haut erëm a Fro gestallt. Dëst mécht ville Leit Suergen. Et ass dofir wichteg, datt d'Politik net hysteresch reagéiert mee roueg an iwwerluecht. An awer schéngt et eng regelrecht Strategie vu verschiddene Politiker ze sinn, Verleumdungen an d’Welt ze setzen, a sech dann net méi em hir Aussoen ze këmmeren. A leider gëtt et dëst Phänomen net just am Ausland. Dat ass eng Aart a Weis Politik ze maachen, déi zudéifst onéierlech ass. Erausfuerderungen hunn natierlech och ëmmer ee bedrohleche Charakter. Trotzdem bidden si awer och d’Aussiicht op eng positiv Léisung, op ee Weiderkommen, op een Zesummestoen, an op ee Bewosstmaachen vun de Wäerter vun eiser Gesellschaft. Amplaz „fake news“ an d'Welt ze setze muss et d'Aufgab vun der Politik sinn, sech op esou positiv Léisungsusäz ze konzentréieren. 

Positiv Léisungsusäz ginn och fir de Konflikt tëscht Israel a Palästina gebraucht. Wéi schätz Du déi aktuell Situatioun an?

Claude Adam: Dëst Joer ass et genee 50 Joer hir, dass no der 'Guerre de six jours' d'UNO-Resolutioun 242 gestëmmt gouf. Och 50 Joer no dëser Resolutioun gesi mer keen Enn vum Konflikt am Noen Osten; ganz am Géigendeel d'Situatioun ass nach méi verfuer. Eng Zwee-State-Léisung, déi zwar allgemeng als eenzeg Léisung ugesi gëtt, gëtt duerch eng Siidlungspolitik déi den Territoire ëmmer méi zerdeelt ëmmer méi schwéier gemeet. 600.000 „Settler“ wunne mëttlerweil op palästinenseschem Gebitt, si gi vun der israelescher Arméi a mat Stacheldroht geschützt. D'Mënschen am Noen Oste wënschen sech säit laangem en Enn vun der Gewalt a Fridden. déi gréng sinn der Meenung, dass Europa an dass Lëtzebuerg dëst Joer Palästina endlech sollt als Land unerkennen.

 

gréng Blogs